Victor Vasarely

Vu Wikipedia
Victor Vasarely
Gebuertsnumm Vásárhelyi Győző
Gebuer 9. Abrëll 1906
Pécs
Gestuerwen 15. Mäerz 1997
16. Arrondissement
Doudesursaach Kriibs
Nationalitéit Ungarn, Frankräich
Educatioun Eötvös Loránd Universitéit
Aktivitéit Moler, visuelle Kënschtler, Sculpteur, Designer, Graphiker, Graveur, Illustrateur
Skulptur zu Pécs.
Fassad vum Bonner Juridicum.
Skulptur virun der Gare Budapest Déli pályaudvar.

De Victor Vasarely (ungaresch: Vásárhelyi Győző, gebuer den 9. Abrëll 1906 zu Pécs a gestuerwen de 15. Mäerz 1997 zu Paräis, war e franséische Moler a Graphiker vun ungareschen Originnen.

Hie gëtt zu de Matgrënner vun der kënschtlerescher Stréimung Op-Art gezielt.[1]

Seng Biller a Graphike sinn dacks u geometresche Formen orientéiert.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Victor Vasarely huet zu Budapest op der Podolini-Volkmann Akademie studéiert. Duerno huet e beim Sándor Bortnyik op der Mühely Schoul fir Graphik Course geholl. 1930 ass en op Paräis wunne gaang, wou en tëscht 1930 an 1940 als Graphiker an der Publicitéit geschafft an haaptsächlech Posteren entworf huet.

No 1944 huet hie just nach gemoolt, an hat dat Joer seng éischt Ausstellung an der Galerie Denise René. Vun 1947 un huet hie sech ganz op konstruktiv geometresch, abstrakt Motiver konzentréiert.

An den 1950er Joren huet hie säi Programm vun der kinetescher Konscht entwéckelt, dat en am Manifeste jaune zu der Gruppenausstellung Le Mouvement explizéiert huet: D'Konschtwierk sollt e Prototyp sinn, dee seriell reproduzéiert soll kënne ginn.

De Victor Vasarely huet 1965 an 1967 eng ganz Rëtsch international Konschttpräisser gewonnen. 1955 bis 1972 huet hien op de véier documenta-Ausstellunge matgemaach.

Hien huet ë. a. de Raute-Logo vu Renault an de Welle-Logo vun RTL entworf.

1970 huet hien am Château de Gordes en eegene Musée opgemaach (1996 nees zougemaach) an 1976 d'Vasarely Foundation zu Aix-en-Provence gegrënnt. 1976 ass och a senger Gebuertsstad Pécs e Vasarely-Musée opgaangen, an 1987 een am Schlass Zichy, zu Budapest.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Jürgen Claus, "Eine architektonische Kunst: Victor Vasarely", in: Jürgen Claus, "Kunst heute", Rowohlt Verlag, 1965

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Victor Vasarely – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Karin Thomas: Bis Heute. Stilgeschichte der bildenden Kunst im 20. Jahrhundert. DuMont, Köln 1979, S. 239.