Victor Wilhelm
Ausgesinn
| Victor Wilhelm | |
|---|---|
| Gebuer | 28. Februar 1886 |
| Gestuerwen | 25. Abrëll 1967 |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Politiker, Gewerkschaftler |
| Fonctioun | Buergermeeschter |
|
| |
De Victor Wilhelm, gebuer den 28. Februar 1886 zu Esch-Uelzecht, an och do de 25. Abrëll 1967 gestuerwen, war e lëtzebuergesche Gewerkschaftler a Politiker.
De Victor Wilhelm war vu Beruff Chef de Gare a Member vun der Eisebunnergewerkschaft.
Hie war tëscht 1919 an 1944 Member vum Gemengerot vun Esch-Uelzecht, wouvu vun 1921 bis 1934 als Buergermeeschter.
1928 ass hien aus der Sozialistescher Partei ausgetrueden a gouf Member vun der Radikal-Liberaler Partei.
Hie gouf bei de Chamberwale vum 1. Mäerz 1925 als Deputéierten an d'Chamber gewielt a blouf dat bis 1934. Vun 1935 bis 1940 war hien dunn nees Deputéierten an 1945 war hie Member vun der Assemblée consultative.
