Victoria Falls

Vu Wikipedia
Vue iwwer déi ganz Breet

D'Victoria Falls sinn e breede Waasserfall vum Sambesi-Floss, tëscht de Grenzstied Victoria Falls am Simbabwe a Livingstone a Sambia. Si gehéieren zanter 1989 zum Weltnaturierwen vun der UNESCO.

D'Leit vum Kololo-Vollek vun do nennen de Waasserfall Mosi-oa-Tunya ("Damp deen donnert"), wéinst dem Spray-Niwwel, dee bis zu 300 m héich an d'Luucht goe kann, a wéinst deem ronderëm de Waasserfall e Reebësch gewuess ass.

D'Victoria-Falls si 1708 m breet a bis zu 110 m déif. Um Enn vun der Reeperiod fale bis zu 10.000 m³ Waasser an der Sekonn do erof.

D'Victoria Falls sinn zanter 1934 ënner Protektioun, a gehéieren zanter 1972 zum Mosi-oa-Tunya-Nationalpark. Si sinn zousätzlech zanter 2012 Deel vun der Kavango-Zambezi Transfrontier Conservation Area.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • David Livingstone: Missionsreisen und Forschungen in Südafrika. Leipzig, Verlag Hermann Costenoble 1858.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Victoria Falls – Biller, Videoen oder Audiodateien