Victory

Vu Wikipedia
Reklamm vum Victory um Gebai am Joer 2005
D'Gebai am Joer 2005

De Victory war e Kino am Garer Quartier an der Stad.

Den 18. August 1917 huet de Pierre Dornseiffer[1] de Kino, deemools als Kino-Palace, mat 700 Sëtzplazen opgemaach. Et war den éischte Kino dee seng Dieren an der Stad opgemaach hat. E stoung zimmlech am Ufank vun der Bouneweger-Strooss, tëscht der Aler Avenue (avenue de la Gare) an der Wallis-Plaz.

Den Isidore Thill huet de Kino nom Zweete Weltkrich iwwerholl, an de Sall 1947 a Victory ëmgedeeft.

An den 1950er Jore war de Victory den Tempel vum däitsche Film an der Stad.

Den 2. Juli 1992 huet de Victory definitiv seng Dieren zougemaach mat dem amerikanesche Film Reanimator 2.

2007 ass en ofgerappt ginn, fir duerch en anert Gebai ersat ze ginn.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Pierre Gilbert, 1986. La capitale et ses architectes: illustration critique de l'architecture dans la métamorphose d'une ville en un siècle. Institut grand-ducal, section des arts et des lettres, 222 S. Imprimerie Saint-Paul. S. 205