Vidkun Quisling

Vu Wikipedia
Vidkun Quisling
Gebuer 18. Juli 1887
Gestuerwen 24. Oktober 1945
Festung Akershus
Doudesursaach Schosswonn
Nationalitéit Norwegen
Aktivitéit Politiker, Offizéier
Famill
Geschwëster Jørgen Quisling

De Vidkun Abraham Lauritz Jonssøn Quisling, gebuer den 18. Juli 1887 zu Fyresdal, an higeriicht de 24. Oktober 1945 zu Oslo an Norwegen war en norwegesche Politiker an Offizéier. Hie war vun 1942 bis 1945 Ministerpresident vun Norwegen.

Seng politesch Carrière ass 1922 ugaangen, wéi hie Mataarbechter vum Fridtjof Nansen gouf. Tëscht 1927 an 1929 war en Diplomat zu Moskau. 1931 war e Krichsminister, mä 1933 ass en aus der Regierung gaangen. Nom Virbild vun der NSDAP huet en 1933 eng antidemokatesch an oppen antisemittesch Partei gegrënnt, d'Nationale Samling. Bei de Wale vun 1936 koum déi op 50.000 Stëmmen.

Nom Ausbroch vum Zweete Weltkrich trëtt de Quisling fir eng däitsch Besetzung vun Norwegen an. No der däitscher Invasioun, den 9. Abrëll 1940 huet hien d'Féierung vum Land iwwerholl, vum 1. Februar 1942 un mam Titel Ministerpresident. Den eigentlechen Här an Norwegen war awer de Reichskommissar Josef Terboven.

No der däitscher Kapitulatioun gouf de Quisling den 9. Mee 1945 verhaft. Hie gouf zum Doud verurteelt an de 24. Oktober vum selwechte Joer higeriicht.

Zanterhier ass den Numm "Quisling" e Synonym fir Kollaborateur

Dem Quisling seng russesch Fra, Maria Wassiljevna, huet bis zu hirem Doud an de 70er Joren zu Oslo gewunnt.

De Quisling zu Oslo (1942)
De Quisling gëtt en Autogramm(1943)
Portal WWII – Artikelen op der Wikipedia iwwer den Zweete Weltkrich.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Vidkun Quisling – Biller, Videoen oder Audiodateien