Viktor Barvitius
| Viktor Barvitius | |
|---|---|
|
| |
| Gebuer |
28. Mäerz 1834 Prag |
| Gestuerwen |
9. Juni 1902 Smíchov |
| Nationalitéit | Éisträich-Ungarn |
| Aktivitéit | Moler, Enseignant, Konschttheoreetiker |
| Auteursrechter | Auteursrechter sinn ofgelaf |
|
| |
De Viktor Barvitius, gebuer den 28. Mäerz 1834 zu Prag, an och do den 9. Juni 1902 gestuerwen, war e béimesche Moler, Dekorateur a Konschttheoretiker.
Liewen
[änneren | Quelltext änneren]Hie war de klenge Brudder vum Architekt Anton Barvitius. Vun 1849 un huet hien op der Prager Konschtakademie beim Christian Ruben an da beim Eduard von Engerth studéiert. 1862 gouf hie Konrektor vun der Akademie. Hie war zanter 1863 Member vun der Kënschtlerassociatioun Umělecká beseda. Hien ass dacks doruechter gereest, ë. a. op Wien, Dresden, Leipzig, München, Nürnberg a Berlin. 1864 krut hien eng Bourse an ass 1865 op Paräis gaangen, wou en am Atelier vum Thomas Couture geléiert huet an eng Zäitche beim Soběslav Pinkas zu Cernay-la-Ville gewunnt huet. 1867 goung en hannescht op Prag. 1871 war hie Matgrënner vum St. Lukas-Künstlerverein. Vun 1877 bis 1893 war hien Inspekter an der Molereigalerie vun der Gesellschaft vu patriotesche Konschtfrënn an en huet och deenen hire Katalog publizéiert. 1883 goung hien d'Billergalerien zu Dresden, Berlin a Münche besichen, fir d'Ariichtung vun der Billergalerie am Prager Rudolfinum virzebereeden.
Wierk
[änneren | Quelltext änneren]De Viktor Barvitius war e Vertrieder vun der realistescher Molerei a Béimen, änlech wéi och de Soběslav Pinkas an de Karel Purkyně. Nodeems e mat Historiemolerei ugefaangen hat, huet hie méi realistesch Biller aus dem Alldag vun deemools gemoolt, an deenen et net méi ëm eng literaresch Kompositioun, ma ëm d'Erfaasse vum Moment goung. Och säi Molstil huet sech mat der Zäit vun enger akadeemescher Genremolerei zu enger méi labberer a faarweger Aart a Weis ze molen entwéckelt.
- De Jan vu Béimen an der Schluecht vu Crécy, 1858
- National Feier an der Hvězda, (Prag, Kanzlei vum President), 1861, Öl auf Leinwand, 52 × 102 cm
- Stroossenzeen, (Prag, Nationalgalerie, Inv. Nr. O 4997), 1864, Ueleg op Toile, 29,5 × 38,5 cm
- D'Préiwe vu de Päerd (Prag, Nationalgalerie, Inv. Nr. O 10244), um 1866, Ueleg op Toile, 27 × 35 cm
- Donneschdes an der Stromovka, 1885
Schrëften
[änneren | Quelltext änneren]- Katalog der Gemälde-Galerie im Künstlerhause Rudolphinum zu Prag. Gesellschaft patriotischer Kunstfreunde in Böhmen, Prag 1889.
- Die ersten fünfundzwanzig Jahre des unter dem hohen Protectorate Sr. kais. Hoheit des durchl. Herrn Erzherzogs Ludwig Salvator von Toscana stehenden St. Lucas-Vereines in Prag. Prag 1896.
Biller
[änneren | Quelltext änneren]- D'Schluecht vu Crécy
- Donneschdes an der Stromovka
- Prouwe vu de Päerd zu Paräis
- E Blummemaart zu Paräis
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Viktor Barvitius – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]Quell: Ugeluecht als Iwwersetzung vun de:Viktor Barvitius an der Versioun vum 21.06.2025.
