Vincent Thill

Vu Wikipedia
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Vincent Thill
Gebuer 4. Februar 2000
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballspiller
Positioun oder
Spezialitéit
Mëttelfeldspiller
Gréisst 176 Zentimeter
Gewiicht 69 kg
Veräin/Ekipp FC Metz,
Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp
Famill
Papp Serge Thill
Mamm Nathalie Hoeltgen
Geschwëster Sébastien Thill, Olivier Thill, Marek Thill

De Vincent Thill, gebuer de 4. Februar 2000 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Foussballspiller.[1]

Hien huet kuerz fir d'Jugendekipp vum CS Fola Esch, vum Progrès Nidderkuer a vum FC Rodange 91 gespillt, ier en 2012 bei den FC Metz gewiesselt huet, wou en zanter dem Mee 2016, fir dräi Joer, an der Profisekipp gespillt huet. Dono ass hie bei de portugisesche Veräin Nacional Funchal gewiesselt. Fir d'Saison 2021-22 spillt hie beim ukrainesche Club Vorskla Poltava, wou och säi Brudder Olivier ënner Kontrakt ass.[2]

Zanter dem 25. Mäerz 2016 spillt de Vincent Thill fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp an huet dobäi 1 Gol geschoss.[3]

Säi Papp Serge Thill a seng Bridder Sébastien an Olivier Thill sinn och Foussballspiller. D'Mamm Nathalie Thill ass eng fréier Liichtathleetin an och Foussballspillerin.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. https://www.transfermarkt.com/vincent-thill/nationalmannschaft/spieler/316760
  2. "Vincent und Olivier Thill werden Teamkollegen." wort.lu, 27.08.2021.
  3. D'Lëscht vun de Lännermatcher vum Vincent Thill op eu-football.info