Viorica Dăncilă

Vu Wikipedia
Viorica Dăncilă
Gebuer 16. Dezember 1963
Nationalitéit Rumänien
Aktivitéit Politiker, Ingenieur, Lycéesprofesser

D'Vasilica Viorica Dăncilă, gebuer de 16. Dezember 1963 zu Roșiorii de Vede, ass eng rumänesch Politikerin (PSD). Si war vum 29. Januar 2018 bis Oktober 2019 Ministerpresidentin vu Rumänien.

D'Viorica Dăncilă huet vun 1983 bis 1988 zu Ploiești fir Ingenieur am Beräich Pëtrolfërderung studéiert, an dono als Ingenieurin an der Pëtrols- a Gasproduktioun an als Dozentin am Industrielycée vu Videle geschafft. Vun 2004 bis 2006 huet s'op der Școala Națională de Studii Politice și Administrative zu Bukarest Politik- an Administratiounswëssenschaften studéiert an doran hire Master gemaach.

1996 gouf si Member bei der sozialdemokratescher Partei. 2009 gouf si Deputéiert am Europaparlament.

Nodeems de Minsterpresident Mihai Tudose am Januar 2018 zeréckgetruede war, gouf si vun der PSD als säin Nofollger virgeschloeen, an den 29. Januar 2018 vum rumänesche Parlament akzeptéiert.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Viorica Dăncilă – Biller, Videoen oder Audiodateien