Virfaartsschëld

Vu Wikipedia

E Virfaartsschëld ass am Stroosseverkéier eng vertikal Signalisatioun, déi ugëtt a wat fir enger Reiefolleg déi verschidde Chauffere fueren däerfen.

Zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Am Texte coordonné vum Lëtzebuerger Code de la route, deen an engem Arrêté grand-ducal vum 23. November 1955 an duerno e puermol geännert gouf, sinn d'Virfaartsschëlter am Kapitel V Voie publique, an der Sektioun IV De la signalisation routière ënner der Rubrik II. SIGNAUX DE PRIORITÉ beschriwwen[1].

Lëscht vun de Virfaartsschëlter[änneren | Quelltext änneren]

Bedeitung Bezeechnung(en) Bemierkung
1 Virfaart iwwerloossen Schëld B, 1
2 Stoppschëld Schëld B, 2a
3 Virfaartsstrooss Schëld B, 3 - Schëld B, 4
4 Konfiguratiounsschëld
5 Virfaart fir de Verkéier deen entgéintkënnt Schëld B, 5
6 Virfaart virum Verkéier deen entgéintkënnt Schëld B, 6
7 Andreaskräiz Schëld B, 7a - Schëld B, 7b

Technesch Donnéeën[änneren | Quelltext änneren]

D'Verkéiersvirfaartsschëlter hu verschidde Formen (Dräieck mat enger Spëtzt no ënnen, Aachteck, Quadrat, Rondel, asw.), verschidde Faarwe vum Hannergrond a vun de Piktogrammen.

D'Schëlter gëtt et a verschiddene Moossen, jee nodeem ob se bannent oder baussent den Uertschaften oder op den Autobunne gebraucht ginn.

Opstelle vun de Schëlter[änneren | Quelltext änneren]

Gemenkerhand ginn d'Schëlter op der rietser Säit a der Fuerrichtung a baussent der Fuerbunn opgeriicht.

D'Verkéiersschëlter ginn am Allgemenge baussent den Uertschafte vun der Bauverwaltung a bannent den Uertschafte vun der jeeweileger Gemengeverwaltung opgestallt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Virfaartsschëlter – Biller, Videoen oder Audiodateien

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. (fr)Code de la route - Recueil de législation routière. data.legilux.public (23.11.1955). Gekuckt de(n) 29.03.2024.