Virga-Jesse Basilika

Vu Wikipedia
D'Virga-Jesse Basilika
D'Basilika vu bannen

D' Virga-Jesse Basilika vun Hasselt an der Kapelstraat gouf an de Joren 1727 an 28 gebaut. Si ass an engem Stil gebaut deen d'Transitioun tëscht dem Barock an dem Klassizismus erëmspigelt. D'Kierch gouf am Zweete Weltkrich duerch eng V1 schwéier beschiedegt, gouf awer erëm no den Originalpläng frësch opgeriicht.

Basilika krut hiren Titel de 6. Mee 1998 vum Poopst Jean-Paul II. Virdrun huet se Kierch Notre-Dame geheescht.

Zanter 1980 steet d'Gebai ënner Monumenteschutz.

Konschtwierker an der Kierch[änneren | Quelltext änneren]

  • eng gotesch Statu vun der Virga Jesse vun 1345.
  • eng Tapisserie déi iwwer dem Portal hänkt an déi d'Wonner duerstellt déi der Virga Jesse ugerechent ginn: Den Henri dee sech verlaf hat, e Kand vun enger Maurin dat geheelt gouf, an d'Heelung vu Blannen a vu Krëppelen.
  • eng Molerei vu 1709 op där d'Virga Jesse ze gesinn ass mat 12 Membere vun der Brudderschaft Notre-Dame Virga Jesse.
  • eng faarweg Bläiverglasung am südleche Queschschëff mat dem Bild vun der Muttergottes.

D'Uergel[änneren | Quelltext änneren]

D'Uergel vun ëm 1860 ass vum Uergelbauer Arnold Clerinx. D'Uergel déi virdrun am Sint-Elisabethzaal zu Antwerpen stoung, ass eréischt zanter 1952 an der Kierch zu Hasselt. Si gouf am Joer 2003 komplett restauréiert.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Virga-Jesse Basilika – Biller, Videoen oder Audiodateien