Virgil Widrich
| Virgil Widrich | |
|---|---|
|
| |
| Gebuer |
16. Mee 1967 Salzburg |
| Nationalitéit | Éisträich |
| Aktivitéit | Filmregisseur, Dréibuchauteur, Filmproduzent, Filmediteur |
| Auteursrechter | Wierker sinn duerch Auteursrechter geschützt |
| Member vun | Éiträichesch Filmakademie |
| Mamm | Gerheid Widrich |
|
| |
De Virgil Widrich, gebuer de 16. Mee 1967 zu Salzburg, ass en éisträichesche Filmregisseur, Dréibuchauteur a Multimediakënschtler.
Liewen
[änneren | Quelltext änneren]Hie gouf international bekannt mat sengem Kuerzfilm Copy Shop (2001), dee fir en Academy Award an der Kategorie beschte Kuerzfilm nominéiert war. Seng Aarbecht kombinéiert dacks Film, Animatioun an digital Konscht. Hie schafft u ville Filmer a multimediale Projete mat, heiansdo als Member vun engem kreative Kollektiv.
De Virgil Widrich huet bis elo (Stand: 2025) iwwer 290 Filmpräisser gewonnen an huet 2015 den internationale Film Die Nacht der 1000 Stunden (Night of a 1000 Hours) zum Deel zu Lëtzebuerg gedréint.
Hien ass de Grënner vun der Firma checkpointmedia an de Leeder vum Masterprogramm Art & Science op der Universitéit fir ugewannt Konscht Wien. Zanter 2024 ass hien och Member vun der Academy of Motion Picture Arts and Sciences (AMPAS).
Filmographie
[änneren | Quelltext änneren]- 1980: My Homelife (A), 6 Min., Dokumentarfilm iwwer en ale Haus
- 1980: Gebratenes Fleisch (A), 11 Min., Kriminalfilm iwwer de Mord u enger Fra an engem Restaurant
- 1980: 3 mal Ulf (A), 12 Min., Dokumentarfilm iwwer den Arnulf Komposch
- 1981: Auch Farbe kann träumen (A), 12 Min., Animatiounsfilm, an deem e Wuerm an e Mann virun der Ëmweltzerstéierung flüchten
- 1982: Monster in Salzburg (A), 12 Min., Animatiounsfilm, an deem e Monster duerch d'Stad Salzburg dréint
- 1983–1985: Vom Geist der Zeit (A), 112 Min., eng Mëschung vu verschiddene Genren
- 1998: tx-transform (A), 5 Min., experimentellen Animatiounsfilm, Co-Regie mam Martin Reinhart
- 2000: Heller als der Mond (Brighter than the Moon) (Europa), 88 Min., Komedie iwwer Friemer zu Wien
- 2001: Copy Shop (A), 12 Min., e Mann duplizéiert sech selwer bis d'ganz Welt mat senge Kopie gefëllt ass
- 2001: LinksRechts (A/F), 4 Min., Interviewen iwwer "lénks a riets am Film a Politik"
- 2003: Fast Film (A/LUX), 14 Min., Animatiounsfilm aus Dréckstécker vun anere Filmer, déi eng Verfollgungsgeschicht erzielen
- 2010: make/real (A), 5 Min., Found-Footage-Film fir d'Ausstellung Robot Dreams am Tinguely-Musée zu Basel an am Kunsthaus Graz
- 2011: warning triangle (A), 6 Min., Found-Footage-Film fir d'Ausstellung Fetisch Auto. Ich fahre, also bin ich. am Tinguely-Musée zu Basel
- 2015: back track (A), 7 Min., Found-Footage-Film an 3D
- 2016: Vienna table trip (A), 1 Min. 22 Sek., Found-Footage-Animatiounsfilm
- 2016: Die Nacht der 1000 Stunden (Night of a 1000 Hours), Spillfilm
- 2018: Icon Island – a live battle of pictures and sounds (A), 70 Min., Film- a Museks-Liveperformance
- 2018: Nena & Dave Stewart: Be my Rebel (D), 3 Min. 45 Sek., Museksvideo
- 2018: Light Matter (A), 5 Min., experimentelle Film
- 2019: tx-reverse (A/D), 5 Min., experimentelle Film, Co-Regie mam Martin Reinhart
- 2021: Es ist genau genug Zeit (There is exactly enough time) (A), 1 Min., Animatiounsfilm zesumme mam Oskar Salomonowitz
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Virgil Widrich – Biller, Videoen oder Audiodateien |
