Virunga-Vulkaner



D'Virunga-Vulkaner (och Mfumbiro resp. Mufumbiro genannt) sinn aacht Vulkaner am Grenzgebitt tëschent dem Ruanda, Uganda an der Demokratescher Republik Kongo. Si leien tëscht dem Eduardséi an dem Kiwuséi a gehéieren zum Ostafrikanesche Riff.
Geographie an Eruptiounsgeschicht
[änneren | Quelltext änneren]Déi dräi Vulkaner, déi just an der Demokratescher Republik Kongo leien, sinn den Nyiragongo (3462 m), den Nyamuragira (3063 m) an de Mikeno (4437 m). Wéi den Nyiragongo 1977 ausgebrach ass, koumen eng 2000 Leit ëm d'Liewen. 2002 ass flësseg Lava aus deem senge Krater bis an d'Stroosse vun der 250.000-Awunner-Stad Goma gelaf, déi 20 km wäit ewech ass. Dobäi gouf et 147 Doudeger, vill Leit hu misse flüchten. Och d'Eruptioune vum Nyamuragira hunn d'Leit e puer Mol gezwongen, anzwousch anescht wunnen ze goen. Fir d'lescht ass 2002, gläichzäiteg mam Ausbroch vum Nyiragongo, flësseg Lava vum Nyamuragira a Richtung Kiwuséi gelaf an hunn deem seng Uferstrultur verännert.
De Karisimbi, mat 4507 m Héicht deen héchste vun deenen 8 Vulkar, an de Visoke (Bisoko, 3711 m héich), ginn zu der zentraler Grupp gezielt. Si leien zu enger Hallschecht an der Demokratescher Republik Kongo, zu der anerer am Ruanda.
Zu der ëstlecher Grupp zielen de Sabinyo (3634 m), deen eelste vun de Virunga-Vulkaner, deen am Dräilännereck tëscht Ruanda, Uganda an der DR Kongo läit, sou wéi och de Gahinga (3474 m) an de Muhabura (4127 m), déi zu jee enger Hallschecht am Uganda an am Ruanda leien.
Natur a Schutzgebitter
[änneren | Quelltext änneren]D'Virunga-Vulkane si mat tropeschem Biergreebësch bedeckt a sinn d'Heemecht vun de sielene Bierggorillaen. 1925 gouf dofir vum Prënz Albert deen éischten afrikaneschen Nationalpark gegrënnt, den Albert-Nationalpark, deen 1969 an de Vulkan-Nationalpark am Ruanda an den Nationalpark Virunga an der DR Kongo gedeelt gouf.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Stéchwuert: Virunga. Online am Deutsches Kolonial-Lexikon, Band III, Leipzig 1920, S. 627 f.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Virunga Mountains – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Dësen Artikel gouf ugeluecht als Iwwersetzung vun (de)Virunga-Vulkane an der Versioun vum 22.01.2025.