Visualitéit
Als Visualitéit vun engem astronomeschen Objet bezeechent een d'Zäit vum visuellen Opdauchen iwwer dem Horizont vun der eegener Standplaz (Opgank), an dem Verschwanne vum Himmelskierper ënner deem Horizont (Ënnergank).
D'Ursaach vum Evenement ass d'Äerdrotatioun resp. vun enger anerer Standplaz – z. B. vum Äerdmound - an (a klengem Ausmooss) d'Eegebeweegung vum Objet géintiwwer dem Observateur: An der Raumfaart huet d'Bunnvitesse vum Fluchkierper de gréissten Afloss.
Op- an Ënnergäng sinn nieft der Kulminatioun déi wichtegst Aspekter vun der Astronomescher Phenomeenologie. An all den astronomesche Kalenneren resp. Joerbicher stinn déi entspriechend Date fir d'Sonn an Äerdmound. D'Berechnung geschitt mat de sphäresche Formele vum astronomeschen Dräieck.
Iwwerbléck
[änneren | Quelltext änneren]D'Zäit tëscht Op- an Ënnergank vun engem Himmelskierper gëtt an der Astronomie als Dagbou bezeechent. Bei ganz flaachem Horizont deelt hie sech an zwéin Ofschnëtter: Vum Opgank bis zum héchste Stand (Kulminatioun) – am Allgemengen am Süden resp. op der Südhallefkugel am Norden (Meridianduerchgank) – a vun do bis zum Ënnergank.
Deen Zesummenhank gëllt fir eng topozentresch Standplaz op jiddwer Himmelskierper. Speziell op der Äerd gëllt:
Bei Fixstäre réckelen all 3 Zäitpunkten all Dag ëm 4 Minutten no vir, well d'Äerd fir eng Dréiung net 24 Stonnen, mä nëmmen 23,934 Stonne brauch (sidereschen Dag). Bei der Sonn kënnt nach den Afloss vun de Joreszäiten derbäi: D'Kulminatiounszäit (richtege Mëtteg) kann ëm ±16 Minutte variéieren (Zäitequatioun), d'Op- an Ënnergäng a Mëtteleuropa souguer ëm ±2 Stonnen (kuckt Sonnenopgank a Sonnenënnergank).
D'Richtung resp. den Zäitpunkt vun Op- an Ënnergäng hänkt virun allem vun dräi Facteuren of:
- Geographesch Breet B vun der Standplaz
- Deklinatioun D vum Himmelskierper (Wénkelofstand vum Himmelsequator)
- D'Héicht vum natierlechen Horizont.
Mathemateschen Op/Ënnergank
[änneren | Quelltext änneren]Déi zwéin éischtgenannt Facteure bestëmmen de mathemateschen Op- an Ënnergank um idealen Horizont:
Op- an Ënnergank vun net zirkumpolaren Objeten
[änneren | Quelltext änneren]Zu engem (mathemateschen) Op- oder Ënnergank kënnt et nëmme wann en Himmelskierper (Sonn, Mound, Stär asw.) vum Himmelsequator ee méi klenge Wénkelofstand huet wéi d'Standplaz vum Nordpol (resp. op der Südhemisphär vum Südpol).
- oder respektiv
- D..Deklinatioun, P..Poldistanz, B..Geographesch Breet (positiv fir nërdlech Breet)
Soss steet den Himmelskierper ëmmer iwwer dem Horizont ("Zirkumpolarstär") oder bleift ëmmer ënner dem Horizont.
Sonnenop- an ënnergank
[änneren | Quelltext änneren]Haaptartikel: Sonnenopgank, Sonnenënnergank
Bei der Sonn verännert sech d'Deklinatioun am Zyklus vun de Joreszäiten tëscht +23,4° an -23,4° (kuckt Ekliptikschréiecht). Dofir ka se déi Säit vun de Polarkreeser (B=+66,6° resp. -66,6°) zäitweileg zirkumpolar sinn (Polardag am Summer) oder wochelaang onsiichtbar (Polarnuecht am Wanter). Op de Polen ass dëst jeeweileg en halleft Joer de Fall (Mëtternuechtssonn), um Polarkrees (theoreetesch) nëmmen een Dag.
Ausserdeem ass de Moment vum Opgank bei der Sonn definéiert als de Moment, an deem d'Uewerkant vun der Sonnescheif den Horizont iwwerschrëtt [2] (den Ënnergank ass vergläichbar). Dëse geschitt eppes méi fréi wéi den Opgaank vum theoreetesche Mëttelpunkt vun der Sonnescheif, a variéiert mat der am Joresoflaf schwankender Distanz vun Äerd a Sonn (Apsidendistanz) an doraus follgend dem visuellen Duerchmiesser vun der Sonn, an der Moyenne ass hien 0°32'.
Zesumme mat der weider ënne beschriwener Liichtbriechung ergëtt dat zesummen ongeféier 4 Minutte (-0°53' an Héicht[1]), um Equator verkierzt sech de Virgank wéinst der héijer Sonnebunn op 2,1 Minutte. Den hellechten Dag (dat ass d'Zäitspan, déi vum Sonnenopgangk bis zum Sonnenënnergank reecht) ass also knapps 5–10 Minutte méi laang wéi den Dagbou vun der Sonn, an d'Phenomeen Mëtternuechtssonn erschéngt och, wann d'Sonn nëmmen deelweis iwwer den Horizont laanscht wandert, also nach ongeféier ee Breedegrad südlech vum Polarkrees. Nach eppes méi südlech dovu geet d'Sonn zwar ënner, awer déi biergerlech Dämmerung erstreckt sech op de ganzen Zäitraum bis zum Opgank – dat gëtt als Wäiss Nuecht bezeechent.
- Kuckt och: Äerdbunn – zum Joresëmlaf vun der Äerd ëm d'Sonn resp. Sonnebunn - dem visuellen Ëmlaf vun der Sonn ëm d'Standplaz vum Observateur.
Moundopgank a Moundënnergank
[änneren | Quelltext änneren]De Mound bleift a senger deeglecher Beweegung duerchschnëttlech ongeféier 50 Minutten hanner der Sonn zeréck, ass awer staark vu senger Distanz zu der Äerd ofhängeg. Ausserdeem variéiert seng Deklinatioun am Laf vun engem Tropesche Mount ëm de Wäert vun der Inklinatioun vu ronn 5°.
Dofir verzéie sech d'Op- an Ënnergankszäiten entspriechend. D'Längt vun engem „Mound-Dag“ (vun engem Opgank bis zum nächsten) kann tëscht ronn 24 h 15 min an 25 h 10 min schwanken. Well hien am Mëttel 24 Stonnen 48 Minutten dauert, gëtt et jiddwer synodesche Mount eemol e Kalennerdag, an deem de Mound net opgeet, an een, wou hien net ënnergeet. Ënner speziellen Ëmstänn (z. B. relativ héich am Norden) kann de Mound souguer zweemol an engem Dag op- oder ënnergoen [3].
De reeellen Opgank
[änneren | Quelltext änneren]Déi follgend Umierkunge gëllen analog och fir den tatsächlechen Ënnergank.
Horizont
[änneren | Quelltext änneren]Deen uewen genannten drëtte Faktor (Natierlechen Horizont) huet – ausser um Mier an um Flaachland – den Afloss op den Termin: Den tatsächlechen Opgank geschitt eréischt, wa sech den Objet iwwer de Landschaftshorizont hieft.
An de Bierger ass d'Wénkeldistanz tëscht mathemateschem a reeellem Opgank dacks en ettlech Graden, den Zäitofstand geet also an de Stonnen a kann an ungënschteger Lag och dozou féieren, datt d'Sonn a munnechen Däller am Wanter guer net opgeet. Dofir ass Sonnesäit an Schiedsäit en zentrale besiedlungsgeographeschen Aspekt, a beaflosst och d'Bëschgrenz an aner mikroklimatesch Aspekter, souwéi iwwer d'Erosioun och Terrainsformatiounen.
Op dem Mier trëtt – fir méi grouss Héichten iwwer dem Mieresspigel – wéinst der Äerdkrëmmung an d'Plaz vum Landschaftshorizont d'Kimmdéift, duerch déi d'Visualitéit vun de Stären ëm e puer Minutte verlängert gëtt.
Op Raumstatiounen a Raumfären déi op enger niddreger Äerdëmlafbunn kreese gëtt et an entspriechend kuerzer Ëmlafzäit en Opgank ongeféier all 1½ Stonn.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- The Astronomical Almanac for the year 2006, The Stationery Office, London 2004, ISBN 0-11-887333-4
- Jean Meeus: Astronomical Algorithms, Willmann-Bell, Richmond 2000 (2nd ed., 2nd printing), ISBN 0-943396-61-1
- MZMsoft (Hrsg.): Sonnenaufgang - Sonnenuntergang. In: Genaues Analemma mit EXCEL • Version 2.0. Kapitel 4. (Webbuch)
- Karl Ramsayer: Geodätische Astronomie, Band IIa des Handbuchs der Vermessungskunde. J.B.Metzler-Verlag, Stuttgart 1969
- Wolfgang Vollmann: Erscheinungen der täglichen Beweegung. In: Hermann Mucke (Hrsg.): Moderne astronomische Phänomenologie. 20. Sternfreunde-Seminar, 1992/93. Zeiss Planetarium der Stadt Wien und Österreichischer Astronomischer Verein 1992, S. 185–196
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Sunrise – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Commons: Sunset – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Commons: Moonrise and Moonset – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Fir d'Berechnung kuckt: Ephemeriden