Thiamin

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Vitaminn B1)
Vitaminn B1
Strukturformel:

Wëssenschaftlechen Numm
Thiamin
Cheemesch Formel
C12H17ClN4OS
Dagesbedarf
1,0-1,2 mg
Virkommen
Weesskären, Sojabounen, Schwéngefleesch
Physikalesch Eegenschaften
Aggregatzoustand fest oder Polver
Faarf keng Faarf
Léislechkeet waasserléislech
Dicht ? g/cm³
Molmass 337,3 g/mol
Schmëlzpunkt 248 °C
Siedepunkt - °C


Vitaminn B1 oder Thiamin ass e Vitaminn, dee sech am Waasser opléist.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

De Vitaminn B1 gouf am Ufank vum 20. Joerhonnert bei Fuerschungen no den Ursaache vun der Krankheet Beriberi, entdeckt. E gouf 1926 fir d'éischt isoléiert.

Eegenschaften[änneren | Quelltext änneren]

Vitaminn B1 gehéiert zur Grupp vun de B-Vitaminnen an ass e waasserléisleche Vitaminn.

Virkommen[änneren | Quelltext änneren]

Vitaminn B1 oder Thiamin kënnt am heefegsten a Käreprodukter, Schwéngefleesch, Liewer, Sojaprodukter a verschidden Fëschzorten vir. Leguminosen, Béier a Gromperen enthalen och e puer Undeeler vum Vitaminn B1.

Vitaminn B1
Liewensmëttel Gehalt vum Vitaminn
(mg/100 g)
Schwengefleesch 0,80 - 1,00
Häerz vum Rand 0,53
Int 0,30
weiss Bounen 0,51
Weess 2,00
Champignoen 0,10
gréng Iebesen 0,32
Spargel 0,11

Aufgaben a Bedarf[änneren | Quelltext änneren]

Thiamin spillt eng wichteg Roll am mënschleche Kierper, haaptsächlech am Kuelenhydrat-a Fettstoffwiessel. Als Koenzym hëlleft hien dem Kierper d'Energie aus der Nahrung erauszezéien. Ausserdeem spillt en eng grouss Roll am Fonctionnement vum Nervesystem. En ass liewenswichteg a gëtt am ganze Kierper verdeelt: am Gewief, an der Muskulatur an an den Organer. Vitaminn B1 reagéiert empfindlech op Hëtzt. Liewensmëttel mat Vitaminn B1 sollen deemno kill an däischter gelagert ginn fir d'Verfale vum Vitaminn sou kleng wéi méiglech ze halen.

De Kierper vum Mënsch huet ongeféier 30 mg Vitaminn B1 a sech. En ass awer op eng alldeeglech Zoufuer ugewisse vun 1,0 - 1,2 mg. Déi Quantitéit entsprécht där, déi de mënschleche Kierper all Dag verbraucht.

Manktem[änneren | Quelltext änneren]

Schwéiere Vitaminn B1 Manktem weist sech duerch neurologesch Stéierungen, Muskelschwund an Häerzinsuffizienz. Déi Symptomer kann een ënner dem Numm Beriberi zesummefaassen. An den Industrielänner daucht déi Krankheet allerdéngs net ze dacks op, ausser bei ganz schwéierer falsch Ernierung an Alkoholofhängegkeet. Beriberi kënnt am meeschten an den Drëtt-Weltlänner vir. E liichte Vitaminn B1 Manktem weist dës Symptomer op:

  • Schlofstéierungen, keen Appetit, Konzentratiounsschwächt
  • Reizbarkeet
  • Verdauungsstéierungen

Bei engem méi laang undauerende Vitaminn B1 Mangel:

Iwwerdoséierung[änneren | Quelltext änneren]

Eng Iwwerdoséierung ass bal onméiglech well de Kierper iwwer d'Nieren dat erëm ausscheet wat en net vu Vitaminn B1 brauch.