Biotin
| Biotin | |
|---|---|
| Strukturformel | |
| Wëssenschaftlechen Numm | |
| Biotin | |
| Cheemesch Formel | |
| C10H16N2O3S | |
| Dagesbedarf | |
| 100 µg | |
| Virkommen | |
| Leguminosen, Innereien, Eegiel, Soja | |
| Physikalesch Eegenschaften | |
| Aggregatzoustand | fest |
| Faarf | keng Faarf |
| Léislechkeet | léist sech am Waasser op 0,2 g/l (20 °C) |
| Dicht | ? g/cm³ |
| Molmass | 244,31 g/mol |
| Schmëlzpunkt | 232-233 °C |
| Kachpunkt | ? |
De Biotin, Vitaminn B7 oder Vitaminn H ass e Vitaminn, dee sech am Waasser opléist.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]De Biotin oder Vitaminn H ass e Vitaminn aus der B-Grupp deen Ufanks de 30er Joren entdeckt gouf.
Eegenschaften a Struktur
[änneren | Quelltext änneren]Biotin ass waasserléislech an zimmlech onempfindlech beim Wierme vu Liewensmëttel. Beim Konservéiere vu Liewensmëttel geet allerdéngs vill vun dësem Vitaminn verluer. Seng cheemesch Formel ass: C10H16N2O3S
Virkommen
[änneren | Quelltext änneren]Biotin kënnt a ville Liewensmëttel vir, allerdéngs just a ganz klenge Quantitéiten. Gutt Liwwerante sinn d'Hief, d'Liewer, d'Eegiel an d'Nëss.
| Biotin | |
|---|---|
| Liewensmëttel | Gehalt vum Vitaminn (µg/100 g) |
| Liewer | 100 - 130 |
| Béierhief | 115 |
| Sojabounen | 60 |
| Cashewnëss | 28 |
| Héngeree | 25 |
Aufgaben a Bedarf
[änneren | Quelltext änneren]De Vitaminn ass zoustänneg fir datt d'Zelle wuessen a fir d'Bilde vum Hautgewief, de Blutzellen an de männleche Sexualhormonen. En ënnerstëtzt de Kuelenhydrat-, Eewäiss- a Fettstoffwiessel an d'Funktioun vum Nervesystem a Schankemuerch. Déi deeglech Biotinopnam soll tëscht 30 a 60 µg leien.
Manktem
[änneren | Quelltext änneren]E Manktem trëtt seelen op, well Biotin a ville Liewensmëttel vertrueden ass. Méi en héije Risiko fir e Manktem hunn allerdéngs Puppelcher, well an der Mammemëllech kee Biotin ass, a Leit déi fëmmen, well d'Fëmme méi Biotin verbraucht. Unzeeche fir e Manktem si Verännerunge bei den Hoer oder vun der Haut.
