Viviane (Mario)
D'Viviane ass eng Hex an déi jéngst vun de Schwëstere vum "Däischteren Trio" aus dem Videospill Paper Mario: The Thousand-Year Door.
Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]
Ausgesinn[änneren | Quelltext änneren]
Si huet eng mof Haut a wäiss Hänn. Hire wäiss-gesträifte rosaen Hutt an hir Hoer verstoppen hir Aen.
Perséinlechkeet[änneren | Quelltext änneren]
D'Viviane leit am Ufank un engem Mannerwäertegkeetskomplex a léisst sech vun hirer grousser Schwëster Marjolène ënnerdrécken. Aus deem Grond krut si d'Iddi fir sech dem Mario unzeschléissen an hir Schwësteren ënnerzekréien. Wärend dem Spill gewënnt si u Selbstvertrauen geet awer net sou wäit fir dem Mario hir Léift fir hien zouzeginn. Zum Schluss vum Spill geet si zeréck bei hir Schwësteren.
Trivia[änneren | Quelltext änneren]
Bei der Lokalisatioun vun der englescher an an der däitscher Versioun vum Spill gëtt si net als Transfra duergestallt mä als Fra fir datt d'Spill, sou wéi a Japan, fir Kanner vun 3 Joer un erlaabt soll sinn. D'europäesch Versioun vum Spill huet 5 Sproochen (Englesch, Däitsch, Franséisch, Spuenesch, Italieenesch) dorënner déi 3 Sproochen (Franséisch, Spuenesch, Italieenesch) déi dës Charakteristik bäibehalen hunn.[1]
Extrait[änneren | Quelltext änneren]
Dësen Extrait ass vum Japaneschen op Lëtzebuergesch iwwersat. Et ass den éischten Dialog an deem de Spiller hir Geschlechtsidentitéit matkritt.
- Viviane: „Mir wäerten dëse Mario Typ ënnerkréien! Well mer sinn "Den däischtere Schwëstertrio"!“
- Marjolène: „Wéi kanns du eis als "Den däischtere Schwëstertrio" definéieren? Du bass e Mann! E MANN!“
- Viviane: „Deet mer Leed, Schwëster… Et war mäi Feeler… *keimen*…“
- Marjolène: „Ech si mer sécher et war kee Feeler. Du verdéngs eng Strof!“
Numm[änneren | Quelltext änneren]
Hiren Numm an den anere Sprooche vum Spill:
Sprooch | Numm |
---|---|
Japanesch | ビビアン (Bibian) |
Englesch | Vivian |
Franséisch | Viviane |
Däitsch | Barbara |
Spuenesch | Bibiana |
Italieenesch | Ombretta |
Referenzen[Quelltext änneren]
- ↑ Revista Tradumàtica - Cultural Localization: Orientation and Disorientation in Japanese Video Games Archivéiert op 2018-05-09. Gekuckt de(n) 2018-01-10.