Vizepresident vun de Vereenegte Staaten
| Vizepresident vun de Vereenegte Staate vun Amerika | |
|---|---|
| Vice President of the United States of America | |
| Sigel vum Vizepresident vun de Vereenegte Staaten | |
| Fändel vum Vizepresident vun de Vereenegte Staaten | |
| am Amt JD Vance zanter dem 20. Januar 2025 | |
| Uried | männlech Persoun The Honorable (formell) Mr. Vice President (informell) Mr. President (als Senatspresident) weiblech Persoun: Madam Vice President (informell) Madam President (als Senatspresidentin) |
| Amtssëtz | Number One Observatory Circle (Amtssëtz a Residenz) Eisenhower Executive Office Building (Aarbechtsplaz) |
| Amtszäit | 4 Joer (keng Amtsbeschränkung) |
| Lescht Wal | 5. November 2024 |
| Nächst Wal | 7. November 2028 |
| Schafe vum Amt | Mat der Constitutioun vun de Vereenegte Staaten 4. Mäerz 1789 |
| Éischten am Amt | John Adams |
| Websäit | https://www.whitehouse.gov/administration/jd-vance/ |
De Vizepresident vun de Vereenegte Staate vun Amerika ((en) Vice President of the United States of America) ass de Stellvertrieder vum President an domat déi Persoun, déi dat zweethéchst Amt vun de Vereenegte Staaten huet.
De Vizepresident gëtt all véier Joer bei de Presidentschaftswale matgewielt. Anescht ewéi beim President, gëtt et keng Begrenzung fir erëmgewielt ze ginn.
Den aktuellen a 50. Vizepresident ass zanter dem 20. Januar 2025 de Republikaner JD Vance.
De Vizepresident ass den direkten Nofollger vum President, wann de President wéinst Doud, Récktrëtt oder Amtsenthiewung net méi weidermaache kann. Am Fall vun enger Amtsonfäegkeet ersetzt de Vizepresident de President kommissaresch. Gläichzäiteg ass de Vizepresident och President vum Senat a kann do bei engem Patt déi entscheedend Stëmm ofginn. Weiderhin iwwerhëlt de Vizepresident zeremoniell Aufgaben.
Uganks war Vizepresidentschaft en Amt ouni richteg Bedeitung, a meeschtens ouni Afloss op d'Regierung. Zanter 1933 ass de Vizepresident reegelméisseg bei de Kabinettssëtzungen derbäi an huet ausserdeem zënter 1961 och e Büro am Wäissen Haus. Hautdesdaags ass hien an der Reegel ee vun de wichtegste Beroder vum President.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Vizepresidente vun de Vereenegte Staaten – Biller, Videoen oder Audiodateien |
