Vjosa Osmani
Vjosa Osmani | |
---|---|
![]() | |
Gebuer |
17. Mee 1982 Mitrovica |
Nationalitéit | Kosovo |
Aktivitéit | Juristin, Politikerin |
Fonctioun | President vum Kosovo |
![]() |
D'Vjosa Osmani, gebuer de 17. Mee 1982 zu Titova Mitrovica am deemolege Jugoslawien, ass eng kosovaresch Juristin a Politikerin an zënter 2021 Presidentin vum Kosovo.[1]
Liewen a Karriär
[änneren | Quelltext änneren]Hir politesch Karriär huet d'Vjosa Osmani an hirer Jugend an der Demokratescher Liga vum Kosovo (LDK) ugefaangen, enger Zentrum-rietser Partei. Si huet Droit op den Universitéite vu Pristina a Pittsburgh studéiert an duerno als Stabscheffin a Beroderin vum deemolege kosovaresche President Fatmir Sejdiu (2006-2010) geschafft. Si war an der Kommissioun, déi d'Verfassung vun der Republik Kosovo geschriwwen huet. No der Onofhängegkeetserklärung vum Kosovo am Joer 2008 war d'Vjosa Osmani Member vun der kosovarescher Juristen-Ekipp bei der Prozedur virum Internationale Geriichtshaff, deen an engem juristeschen Avis d'Validitéit vun der Onofhängegkeetserklärung bestätegt huet.[2],[1]
Parallel dozou huet si vun 2006 op der Universitéit vu Pristina ënnerriicht, a vun 2010 un och op der American University in Kosovo. Als Gaaschtdozentin ass si am Joer 2010-2011 op d'Universitéit vu Pittsburgh zréckgaangen; do huet si och 2015 mat hirem Doktortitel promouvéiert.
2010 gouf d'Vjosa Osmani an d'Presidence vun hirer Partei (LDK) gewielt. Tëscht 2011 an 2021 war si Deputéiert am Parlament vum Kosovo. Am Juni 2020 gouf d'Osmani vun hirem Posten als stellvertriedend Presidentin vun der LDK ofgesat, well si där hir Decisiounen ëffentlech kritiséiert hat. Am September 2020 huet si d'Partei ganz verlooss an deklaréiert, d'LDK hätt hir keng aner Wiel gelooss, mee datt bereet wier zeréckzekommen, wann d'Partei sech géif reforméieren.[3],[4]

Vu Februar 2020 bis März 2021 war d'Vjosa Osmani Spriecherin vum Parlament. Am November gouf si dunn als amtéierend Presidentin vum Kosovo ernannt, nodeem de President Hashim Thaçi no enger Uklo vum Spezialgeriicht, dat d'Verbriechen aus der Zäit vum Kosovokrich verfollegt, zeréckgetruede war.
A Virbereedung op d'Parlamentswalen 2021 huet d'Osmani den 2. Januar 2021 d'Grënnung vun enger neier Partei mam Numm Guxo ugekënnegt. Guxo huet sech op enger gemeinsamer Lëscht mat der lénksnationalistescher Vetëvendosje! vum spéider Premierminister Albin Kurti presentéiert. Béid Parteien, déi mat engem Antikorruptiounsprogramm ugetruede sinn, konnte grouss Walerfolleger verbuchen. D'Vjosa Osmani eleng krut iwwer 300.000 Stëmmen - dat war den héchste Score, dee jee eng Fra bei Parlamentswalen an der Republik Kosovo krut.[1]
De 4. Abrëll 2021 huet d'Parlament d'Vjosa Osmani am drëtten Tour mat 71 vun 120 Stëmmen zur Staatspresidentin gewielt. Si ass déi zweet Fra an deem Amt.[5]
De 15. Juni 2023 war d'Vjosa Osmani op Aarbechtsvisitt zu Lëtzebuerg.[6]
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Vjosa Osmani – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ 1,0 1,1 1,2 (en)President of the Republic of Kosovo - DR. VJOSA OSMANI - SADRIU. Site vun der kosovarescher Presidentin. Gekuckt de(n) 13. Februar 2025.
- ↑ (en)Vjosa Osmani (Fiche). University of Pittsburgh - University Center for International Studies. Gekuckt de(n) 13. Februar 2025.
- ↑ Osmani përfundimisht ndan rrugët me LDK-në: Bashkëpunimin me LVV-në do ta konkretizoj më vonë. Indeks Online (7. September 2020). Gekuckt de(n) 13. Februar 2025.
- ↑ Vjosa Osmani: Në LDK do të kthehesha nëse reformohet. Indeks Online (11. September 2020). Gekuckt de(n) 13. Februar 2025.
- ↑ (en)Kosovo parliament elects Vjosa Osmani as new president. Al Jazeera (4. Abrëll 2021). Gekuckt de(n) 13. Februar 2025.
- ↑ (fr)Visite de travail au Luxembourg de Vjosa Osmani-Sadriu, présidente de la république du Kosovo. gouvernement.lu (13 June 2023). Gekuckt de(n) 13. Februar 2025.