Op den Inhalt sprangen

Voile

Vu Wikipedia
D'Halimah Yacob, Presidentin vu Singapur, mat gréngem Schleier (2018).

E Voile (vum laténgesche velum: "Riddo") oder e Schleier ass eng traditionell oder reliéis Kappbedeckung aus dënnem Textil. E kann d'Gesiicht entweeder komplett fräiloossen, nëmmen den ënneschten Deel vum Gesiicht bedecken oder et awer ganz iwwerdecken.

Beschreiwung a Funktioun

[änneren | Quelltext änneren]

Schleier si meeschtens rechteckeg an existéieren an ënnerschiddleche Gréissten. An der Längt kënne si nëmmen d'Hoer an d'Genéck bedecken, de ganzen Uewerkierper wéi e Schal ëmwéckelen oder als Ganzkierperschleier de ganze Kierper verstoppen.

Traditionell gëtt de Voile vu Frae gedroen. D'Dicher, déi de Kierper oder d'Gesiicht vun de Männer bedecken, zum Beispill bei bestëmmte Mënchen, ginn üblecherweis mat anere Begrëffer bezeechent.

De Voile erfëllt ënnerschiddlech Funktiounen a Bedeitungen an existéiert schonn zënter der Antikitéit. E verweist op d'Bild, dat d'Persoun, déi en unhuet, vermëttele well, an op där hiert Verhältnes zu hirem Kierper. Zu senge Funktiounen zielt, sexuell a sozial Ënnerscheeder wéi och Anstand, Schamhaftegkeet an Hellegkeet auszedrécken.

Vill muslimesch Fraen doen och haut nach e Voile un; an der chrëschtlecher an an der jiddescher Relioun ass dat vill manner verbreet. D'Jongfra Maria gëtt an Duerstellunge bal ëmmer verschleiert gewisen. An ville Kulturen dréit d'Braut wärend der Hochzäitszeremonie e Schleier. En Trauerschleier ass e Voile, deen eng Wittfra als Zeeche vun hirer Trauer undoe kann; haut ass dat awer just nach seelen üblech.

 Commons: Voile – Biller, Videoen oder Audiodateien