Op den Inhalt sprangen

Voiture I10

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Voiture I10 (SNCB))
Voiture I10 SNCB
Stéckzuel:89
Gebaut:1987
Status:Nach a Betrib
Déngschtmass:45 Tonnen
Längt iwwer Puffer:26400 mm
Héicht:4050 mm
Héchstvitesse:160 km/h / 200 km/h[1]
Alimentatioun:1,5 kV Gläichstroum
3 kV Gläichstroum
15 kV 16 ⅔HzWiesselstroum
25 kV Wiesselstroum 50Hz

D'Voituren I10 sinn eng Serie vu belsche Reesvoiturë fir den internationalen Trafic a fir P Zich.

D'SNCB huet am Ablack:

  • 15 A11, mat 66 Plazen éischt Klass.
  • 45 B11, mat 86 Plazen zweet Klass.
  • 29 B11 déi mat Klimaanlag ekipéiert sinn.

5 vun de B11 mat Klimaanlag goufen nogerëscht fir mat 200 km/h ze fueren. 4 sinn als Restaurantsvoiture amenagéiert an 1 ass als Discoswaggon ënnerwee.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Ëmbau vun I6 an I10 fir 200 km/h. Archivéiert de 04.03.2016. Gekuckt den 19.04.2011.