Op den Inhalt sprangen

Volleksinitiativ

Vu Wikipedia

Eng Volleksinitiativ (fr. initiative populaire) ass e Prozess an enger participativer oder direkter Demokratie. Eng am Viraus festgesaten Zuel vu Bierger kann eng gewëssen Zuel vun Ënnerschrëfte sammelen, wouropshin d'Legislativ (an enger participativer Demokratie) oder d'Vollek direkt iwwer e Referendum (an enger direkter Demokratie) saiséiert gëtt, fir iwwer eng Proposition de loi ze decidéieren.

D'Volleksinitiativ ass net mat enger Petitioun ze verwiesselen, déi onverbindlech ass an eng einfach Ufro un de Staat duerstellt.

Situatioun zu Lëtzebuerg

[änneren | Quelltext änneren]

D'Volleksinitiativ oder motivéiert Propositioun fir e Gesetz (fr. proposition motivée aux fins de légiférer, gekierzt PML) ass am Kader vun der Verfassungsrevisioun vun 2023 agefouert ginn a gëtt de Wieler d'Méiglechkeet, der Chamber motivéiert Propositiounen fir d'Gesetzgebung virzeleeën. Et ass keng Initiativ an der direkter Demokratie, well d'Decisioun iwwer d'Weiderverfollege vun der Propositioun der Chamber virbehale bleift. D'Volleksinitiativ stäerkt d'Participatioun vun de Wieler am politesche Prozess, ouni d'Prinzippie vun der representativer Demokratie a Fro ze stellen. Si erméiglecht et de Bierger, legislativ Impulser ze ginn, wärend d'parlamentaresch Souveränitéit komplett erhale bleift.

Verfassungsrechtleche Kader

[änneren | Quelltext änneren]

D'Volleksinitiativ ass am Artikel 79 vun der Constitutioun verankert[1], dee virgesäit, datt d'Chamber sech an ëffentlecher Sëtzung iwwer eng motivéiert Gesetzespropositiounen ausschwätzt, déi vun op d'mannst 125 Wieler presentéiert gouf a vun op d'mannst 12.500 Wieler ënnerstëtzt gëtt. D'Volleksinitiativ steet an der Verfassung an der Sektioun „Déi aner Attributioune vun der Chamber“, wat ënnersträicht, datt d'Gesetzesinitiativ weiderhi bei der Regierung an den Deputéierte läit.

Gesetzleche Kader

[änneren | Quelltext änneren]

Am Gesetz vum 29. Juni 2023[2] sinn d'Konditiounen an d'Prozedur vun der Volleksinitiativ festgehalen, woubäi se just op déi ordinärer Gesetzgebung limitéiert ass; Propositioune fir eng Verfassungsrevisioun sinn ausgeschloss. Eng Volleksinitiativ ka sech op d'Ausschaffen, d'Änneren oder d'Ophiewe vun engem Gesetz bezéien. Se däerf sech net mat engem Projet de loi oder enger Propositioun de loi befaassen, déi schonn am lafende legislative Prozess ass.

Form vun der Propositioun

[änneren | Quelltext änneren]

D'Propositioun am Kader vun der Volleksinitiativ muss déiselwecht formell Ufuerderungen erfëllen ewéi déi vun enger parlamentarescher Propositioun de loi: den Text vun der Propositioun selwer, en Exposé des motifs an e Kommentar zu den eenzelen Artikelen.

D'Propositioun muss op Franséisch redigéiert sinn; wann s'en Impakt op de Staatsbudget huet, muss och eng finanziell Estimatioun bäigeluecht ginn.

Zoulässegkeetskontroll

[änneren | Quelltext änneren]

Nom Depot vun der Propositioun gëtt se bannent dräi Méint vun der Conférence des présidents iwwerpréift, absënns ob se konform mat de gesetzleche Konditiounen ass an ob s'um Dag vum Depot vun op d'mannst 125 Wieler ënnerschriwwe war. Wa se net konform ass, gëtt s'als irrecevabel erkläert.

Wa se bis ugeholl ass, kann d'Propositioun net méi zréckgezu ginn.

Sammele vun Ënnerschrëften

[änneren | Quelltext änneren]

Eng Propositioun déi als zoulässeg erkläert gouf, gëtt op der Internetsäit vun der Chamber publizéiert; vun deem Ament u musse bannent véier Wochen op d'mannst 12.500 Wielerënnerschrëften (elektronesch oder op Pabeier) gesammelt ginn.

Parlamentaresch Behandlung

[änneren | Quelltext änneren]

Kritt d'Propositioun déi néideg Ënnerstëtzung, setzt d'Conférence des présidents den Debat op d'Dagesuerdnung vun enger ëffentlecher Chambersëtzung; virum Debat kann d'Propositioun un eng zoustänneg parlamentaresch Kommissioun weidergeleet ginn, déi Vertrieder vun den Initiateuren héiere kann.

D'Chamber decidéiert mat einfacher Majoritéit fir oder géint d'Viruféiere vun der Prozedur, woumat s'entweeder déi üblech legislativ Prozedur ausléist oder definitiv verworf gëtt. Wann néideg kënnen d'Chamber oder d'Kommissiounen d'Propositioun änneren.

  • Quell vum Artikel, wou net anescht uginn: Besch, an der Literatur, S. 380 – 382
 Commons: Volleksinitiativ – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. (lb) Verfassung vum Grand-Duché vu Lëtzebuerg (konsolidéiert Versioun) Art. 79. legilux.public.lu. Gekuckt den 10.02.2026.
  2. (fr) Loi du 29 juin 2023 relative aux propositions motivées aux fins de légiférer. data.legilux.public.lu (29.06.2023). Gekuckt den 10.02.2026.