Volleyball

Vu Wikipedia
Volleyball

Volleyball ass eng Ekippesportaart aus der Grupp vun de “Réckschlospiller”, bei där sech zwou Ekippe vu sechs Spiller op engem Terrain géintiwwerstinn, deen duerch en Netz gedeelt ass.

Zil vum Spill ass et, de Volleyball ënner Asaz vum ganze Kierper iwwer d'Netz op de Buedem vum géignereschen Terrain ze schloen. Gläichzäiteg geet et awer och dorëms, ze verhënneren, datt dem Géigner genee dat selwecht geléngt. All Ekipp däerf de Ball maximal dräimol (an eng Kéier am Block) beréieren, fir en op déi aner Säit ze kréien.

Volleyball kënnt ursprénglech aus den USA a gëtt weltwäit gespillt. De Weltverband F.I.V.B., dee säi Sëtz an der Schwäiz huet, ass mat 217 Natiounen dee Verband mat de meeschte Memberlänner. Offiziell hunn 2002 33 Millioune Spiller Volleyball gespillt. Do dergéint huet d'FIFA der nëmmen +/- 31 Milliounen.

Terrain[änneren | Quelltext änneren]

Volleyballsterrain
Volleyballsterrain - horizontal Vue

De Volleyballsterrain ass 18 m laang a 9 m breet, sou datt all Ekipp op enger Hallschent vu 9 x 9 m spillt. Déi zwou Hallschente sinn duerch en Netz getrennt deem seng Héicht bei den Hären 2,43 m, bei den Dammen 2,24 m an am Mixed (Loisir) 2,35 m bedréit. D'Netz muss aus engem donkele Fuedem bestoen, en ass 1 m breet an 9,5 bis 10 m laang, sou datt en op all Säit vum Terrain 25 bis 50 cm iwwer d'Säitelinne vum Terrain erausgeet. D'Poteaue fir d'Netz festzemaache sinn dowéinst och net op der Saitelinn, mä ongeféier e Meter aus dem Terrain eraus placéiert. Fir d'Säitelinne besser siichtbar ze maachen, sinn direkt iwwer de Säitelinnen zwee Bänner vertikal um Netz festgemaach. Iwwer dëse Bänner ass nach e Staf, Antenn genannt, dee vertikal 80 cm iwwer d'Netz geet. D'Antennen däerfen zu kengem Zäitpunkt vum Ball beréiert gi, vue datt se d'Begrenzung vum Terrain duerstellen. D'Netz muss stramm gespaant sinn, well d'Netzberéierung duerch de Ball kee Feeler duerstellt an dësen no enger Beréierung nach däerf weider gespillt ginn.

An dräi Meter Ofstand zur Mëttellinn sinn, parallel zu där, d'Ugrëffslinnen (och nach “3 m Linn” genannt). Nëmme Spiller aus der viischter Linn däerfen bannent der Zone tëscht dësen zwou Linnen attackéieren. Hannerspiller däerfen de Ball nëmmen ënner dem Niveau vun der Netzkant spillen oder mussen hanner der Ugrëffslinn ofsprangen. Se däerfen awer virun der Ugrëffslinn opkommen.

Ronderëm den eigentlechen Terrain mussen op d'mannst dräi Meter fräigehale ginn, wou de Ball och nach däerf gespillt ginn. Fir Matcher an der Hal gëtt ugerode mindestens een 8 Meter héijen Daach ze hunn, ouni datt do eppes géif stéieren. Wann ee sech awer zu Lëtzebuerg all ze streng un déi Reegelen hale géif , da kéinten d'Matcher net méi all gespillt ginn. Dowéinst stellt d'FLVB däitlech méi kleng Ufuerderunge fir national Matcher wéi d'FIVB fir internationaler.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Volleyball gouf am Dezember 1895 vum William G. Morgan zu Holyoke, USA virgestallt. De Sportdirekter vun der YMCA hat e Spill mam Numm "Mintonette" als Spill fir eeler Memberen entwéckelt. Et huet laang Zäit als duuss Alternativ zum Basketball, deen zu Springfield, wat nëmme 10 Meile Loftlinn ewech läit, entstane war. D'Indoor-Sportaart huet charakteristesch Elementer aus Tennis an Handball enthalen. De Morgan selwer huet nach déi éischt Reegele verfaasst. Dës Reegele hunn e 25 x 50 Fouss (~ 7,72 m x 15,24 m) groussen Terrain an e 6 Fouss 6 Inch (~1,98 m) héicht Netz virgesinn. Am contraire zu haut war weeder d'Zuel vun de Spiller um Terrain nach d'Zuel vun de Ballkontakter limitéiert. Bei engem falsche Service, hat ee wéi am Tennis, een zweete Versuch ze gutt.

En Zuschauer vum éischte Spill an der YMCA zu Springfield huet 1896 den nach haut benotzten Numm "Volleyball" agefouert, dee vum franséische Wuert "volée" kënnt. Ausserdeem goufe bei där Geleeënheet och déi éischt Ännerunge vun de Reegele gemaach.

An de Joren duerno sech d'Sportaart iwwer Kanada (1900) an d'ganz Welt verbreet. Si gouf wärend dem Éischte Weltkrich vun amerikaneschen G.I.'s an Osteuropa agefouert, wou Volleyball sech bannent kierzter Zäit zu engem populäre Sport entwéckelt huet. Bis an d'Mëtt vum 20. Joerhonnert hat de Sport du vum ganzen europäesche Kontinent Besëtz ergraff. Déi meescht Techniken an Taktiken aus dem moderne Volleyball, goufe vun europäeschen Ekippen agefouert. Beispiller sinn ënner anerem de Block (Tschechoslowakei, 1938), de Libero (UdSSR), d'Manchette (Tschechoslowakei, 1958) an d'Ugrëff aus der hënneschter Rei (Polen, 1974).

Déi féierend Natioune si Brasilien, d'USA, Italien a Russland. Duerno komme Japan, Serbien, Polen, Kuba, China an Däitschland. D'F.I.V.B. schätzt datt sech ronn e sechstel vun der Weltpopulatioun als aktive Spiller oder Zuschauer um Volleyball bedeelegt.

Déi international Federatioun, d'Fédération Internationale de Volleyball (FIVB), gouf 1974 gegrënnt. Säit 1963 gëtt et eng europäesch Konfederatioun, d'Confédération Européenne de Volleyball (CEV) mat hirem Sëtz zu Lëtzebuerg. D'Lëtzebuerger Federatioun F.L.V.B. gouf den 2. Juni 1981 gegrënnt a riicht all Joer souwuel d'Championat am Männer- wéi am Dammevolleyball aus wéi och d'Coupe de Luxembourg. Zanter der Saison 2008/2009 gëtt d'Coupe de Luxembourg vun der Loterie Nationale ënnerstëtzt an dréit dofir hiren Numm.

Volleyball ass säit 1964 olympesch Disziplin. D'Variant Beach-Volleyball gëtt säit 1986 vun der FIVB offiziell unerkannt a gehéiert säit 1996 zum olympesche Programm.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Bulgaria-serbia volley 2012.jpg

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Volleyball – Biller, Videoen oder Audiodateien