Volt Europa

Vu Wikipedia
Volt Europa
Co-President Francesca Romana D'Antuono
Co-President Reinier van Lanschot
Generalsekretären George Penn; Liping Oerlemans
Tresorier Johannes Heinrich
Gegrënnt 05.12.2017
Parteizentral Boulevard Bischoffsheim n° 39 boîte 4
B-1000 Bruxelles
Ideologie Sozial-Liberalismus; europäesche Federalismus
Europäesch Affiliatioun Gréng/EFA
Faarf mauve
Slogan Future made in Europe
Websäit
http://www.volteuropa.org
Kaart vun all de Länner an deenen et Kapitele vu Volt Europa gëtt

Volt Europa (normalerweis gekierzt: Volt) ass eng pro-europäesch Biergerbeweegung an eng paneuropäesch Partei. Se gouf 2017 vum Andrea Venzon zesumme mam Damian Boeselager a Philippe Fontaine gegrënnt[1]. Der Organisatioun hir Ziler sinn allgemeng europäesch a begräifen eng Rëtsch politesch Beräicher, wéi de Klimawandel, d'Migratioun, d'ekonomesch Ongläichheet, déi international Konflikter, den Terrorismus an d'Auswierkunge vun der technologescher Revolutioun op den Aarbechtsmaart.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Volt Europa ass den 29. Mäerz 2017 als Facebook-Säit vum Andrea Venzon, zesumme mam Colombe Cahen-Salvador gegrënnt ginn. Den Damian Boeselager ass méi spéit derbäikomm. D'Grënnung war eng Reaktioun op de Populismus dee weltwäit ëmmer méi zouhëlt a sollt eng Äntwert op de Brexit duerstellen. Am Mäerz 2018 gouf déi éischt national Federatioun mat der Parteigrënnung vu Volt Däitschland an d'Liewe geruff. Am Heemechtsland vum Mailänner Andrea Venzon huet déi italieenesch Federatioun déi meescht Memberen, ma Volt ass mëttlerweil an allen EU-Staate mat nationale Federatiounen aktiv. Den éischte Kongress vun der Beweegung gouf de 27. Mee 2018 zu Paräis organiséiert.

Volt Europa gouf de 5. Dezember 2017 als Asbl zu Lëtzebuerg ënnert dem Numm Vox Europe A.S.B.L. gegrënnt. Den 19. Juni 2018 gouf den Numm a Volt Europa A.S.B.L. geännert[1]. Haut huet d'Organisatioun ongeféier 10.000 Memberen a méi wéi 30 europäesche Länner. Scho kuerz no der Grënnung huet Volt als gréisst europäesch Jugendpartei mat ronn 4.000 Memberen an allen EU-Länner gegollt. Den Numm Volt steet symbolesch fir nei Energie an Europa.

Volt Lëtzebuerg - Luxembourg, de Lëtzebuerger Aascht vun der Beweegung (national Parteie gi vu Volt "national chapters" genannt), gouf den 20. Dezember 2018 als Asbl gegrënnt[2]. Wéi all Volt-Partei gëtt et och zu Lëtzebuerg keng eenzel Parteispëtzt, mä zwéi Co-Presidenten (ëmmer eng Fra an e Mann). Zu Lëtzebuerg sinn dat d'Aurélie Dap an de Michel Conter.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Volt Lëtzebuerg.

Politesche Programm[änneren | Quelltext änneren]

D'Zil vun der Beweegung ass d'Promotioun vun der Demokratie an der EU an d'Stäerkung vum europäesche Patriotismus. Volt setzt op Wichtegkeet vun enger gëeenter europäescher Stëmm an der Weltpolitik. Volt ënnerstëtzt och d'Iddi vun engem federal organiséierten Europa mat engem staarke Parlament, an deem d'Bierger zum Zentrum vun der europäescher Politik ginn.

00 De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.

Volt wëll mat den eenzele Lännersektioune bei den europäeschen, lokalen an nationale Walen an allen EU-Staate matmaachen. Als éischt wëll d'Beweegung bei den Europawalen am Mee 2019 untrieden. Volt Europa ass als Daachverband fir déi jeeweileg national Federatioune verantwortlech.

Politesch Aktivitéiten[änneren | Quelltext änneren]

D'Beweegung ass mëttlerweil[Wéini ?] an aacht europäesche Länner offiziell als Partei registréiert, och zu Lëtzebuerg. Duerch d'Ënnerschrëft vum Deputéierte Max Hahn ass Volt zu Lëtzebuerg als Partei unerkannt ginn[3].

D'Zil vun der Beweegung war et, fir bei de Walen 2019 mat op d'mannst 25 Deputéierten aus op d'mannst siwe verschiddenen EU-Memberstaaten an d'Europäescht Parlament eranzekommen, fir dann do eng Fraktioun grënnen ze kënnen[4]. Si kruten awer just 1 Deputéiertemandat an Däitschland.

Europawal 2019[änneren | Quelltext änneren]

Land Spëtzekandidat/in Lëscht zougelooss
Belsch Christophe Calis, Kim Leonard Smouter
Bulgarien Nastimir Ananijew
Däitschland Damian Boeselager 15. Mäerz 2019
Éisträich Benjamin Wolf
Frankräich Colombe Cahen-Salvador
Holland Reinier Van Lanschot
Italien Andrea Venzon
Lëtzebuerg Rolf Tarrach 27. Mäerz 2019

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Volt Europa – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 agedroen am Handelsregëster ënnert der Nummer F11591 als „Volt Europa A.S.B.L.“
  2. agedroen am Handelsregëster ënnert der Nummer F12090 als „Volt Lëtzebuerg - Luxembourg“
  3. Max Hahn mécht Europa-Lëscht vum Mouvement "Volt" méiglech op rtl.lu de 26. Mäerz 2019
  4. Volt stellt Liste für Europawahl auf op wort.lu de 26. Mäerz 2019