Op den Inhalt sprangen

Wsewolod Alfredowitsch Rauser

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Vsevolod Rauzer)
Wsewolod Alfredowitsch Rauser
Gebuer 16. Oktober 1908
Gestuerwen 29. Dezember 1941
Sankt Péitersbuerg
Nationalitéit Russescht Keeserräich, UdSSR
Aktivitéit Schachspiller

De Wsewolod Alfredowitsch Rauser (Всеволод Альфредович Раузер), gebuer de 16. Oktober 1908, a gestuerwen 1941 zu Leningrad wärend der Blockad, war e sowjetesche Schachspiller.

An den 1930er Joren huet en zu deene stäerkste russesche Spiller gehéiert, 1937 huet en et op déi 24. Plaz an der Weltranglëscht bruecht.

Bekannt gouf e virun allem wéinst senge villen neien Iddie fir Erëffnungen. D'Richter-Rauser-Variant vun der Sizilianescher Verdeedegung gouf no him an nom däitsche Schachspiller Kurt Richter benannt (1. e2-e4 c7-c5 2. Sg1-f3 d7-d6 3. d2-d4 c5xd4 4. Sf3xd4 Sg8-f6 5. Sb1-c3 Sb8-c6 6. Lc1-g5).

Sportlech Erfolleger

[änneren | Quelltext änneren]
Joer Kompetitioun + - = Punkten Plaz
1927Moskau, 5. UdSSR Championnat51057½ vun 2018-19
1929Odessa, 6. UdSSR Championnat3203 vu 53
1931Moskau, 7. UdSSR Championnat5489 vu 178-9
1933Leningrad, 8. UdSSR Championnat106311½ vun 196
1934/35Leningrad, 9. UdSSR Championnat4877½ vun 1917
1937Tiflis, 10. UdSSR Championnat75710½ vun 198