Wäinetikett

Vu Wikipedia

Eng Wäinetikett ass fir den Intressent déi éischt wichteg Informatiounsquell iwwer de Wäin.

Dofir hu bal all d'Länner an deenen Wäi produzéiert gëtt, eng Reglementatioun déi bestëmmt wat muss op den Etikette stoen, a wat net däerf drop figuréieren.

Do gëtt et normalerweis dräi Etiketten:

  • D'Haaptetikett déi obligatoresch ass, ass déi Etikett déi vir op der Wäifläsch ass.
  • D'Konteretikett ass d'Etikett um Réck vun der Fläsch.
  • D'Halsetikett, e schmuelt Band ëm den Hals vun der Fläsch.

D'Informatioun déi op der Etikett muss stoen, ka vu Land zu Land, an souguer vu Regioun zu Regioun verschidde sinn.

D'Haaptetikett[änneren | Quelltext änneren]

Fir d'Informatiounen déi op der Haaptetikett stoe mussen, gëtt et international Accorden, déi no an no d'Gesetzer vun de verschiddenen Länner harmoniséieren, fir datt de Wäin vun engem Land op der ganzer Welt ka kommerzialiséiert ginn, an déi bestëmmen wat op der Etikett muss stoen, fir conform zu der Legislatioun vum Importland ze sinn.

Haaptinformatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • D'Origine gëtt normalerweis opgefouert ënner dem Libellé produit de xxx, product of xxx, hergestellt in xxx.
  • D'Qualitéit: Net all Länner déi Wäi produzéieren hunn eng offiziell Hierarchie bei de Wäiner, mä d'europäesch Legislatioun ënnerscheet tëscht den Dëschwäiner, d. h. einfach Wäiner, an de Qualitéitswäiner, déi de gréissten Deel vun de franséischen, däitschen, italieeneschen, a spuenesche Wäiner ausmaachen. A Frankräich sinn déi Wäiner mat AOC gezeechent, an Däitschland mat Qualitätswein, a Spuenien mat DO, an an Italien DOC. Déi éisträichesch Wäinetikette gläiche méi oder wéineger den däitschen, kuckt dofir den Artikel Wäinetikett (Éisträich).
  • Den Inhalt: An Europa sinn dat zum gréissten Deel 75 cl / 0,75 l, wat der internationaler Standardgréisst entsprécht.
  • Den Alkoholgehalt: gëtt gewéinlech a Grad oder Prozenter ausgedréckt. Déi Informatioun ass an e puer Länner net obligatoresch. Déi meescht Wäiner hunn en Alkoholgehalt tëscht 11 an 13 % vol, verschiddener wéi z. B. de Moscato d'Asti hunn nëmme 6 % vol, an déi mutéiert Wäiner wéi de Porto oder Banyuls kënne bis 20 % vol hunn.
  • De Joergank oder Millesime ass net obligatoresch, well vill Wäiner wéi z. B. Schampes oder Sherry aus méi Joergäng assembléiert ginn. Wann e Joer vermierkt ass muss de Wäi vun deem Joer sinn, sief et exklusiv, sief et an engem bestëmmte Prozentsaz déi vun der Legislatioun, vum respektive Land festgehale gëtt.
  • D'Produktiounsgéigend
  • De Wéngert
  • De Produzent

Aner Informatiounen[änneren | Quelltext änneren]

D'Konteretikett[änneren | Quelltext änneren]

D'Konteretikett ass eng Etikett déi net obligatoresch ass an och bei ville Wäiner net existéiert. Hautdesdaags gëtt se méi gebraucht wéi fréier. Eng vun den Ursaachen dovun ass de Verkaf an de Grande-surfacen, well op där Etikett, kënnen iwwer de Barre-Code Informatioune gespäichert ginn, wat eng Erliichterung ass a Geschäfter, déi e System fir Elektronesch Etiketten hunn.

Soss kann een op de Konteretiketten Informatioune fannen, déi net däerfen op der Haaptetikett stoen, a vun deenen de Produzent denkt datt se wichteg sinn, oder och alt op eng trivial Manéier, fir de Client intressant sinn.

Halsetikett[änneren | Quelltext änneren]

Fir d'Halsetikett si keng obligatescht Informatioune virgesinn. Dacks steet op der Etikett den Numm vum Produzent, oder de Millésime. Si ass haaptsächlech fir en dekorativen Zweck geduecht. Vill Wäiner hu keng.