Wäissen Zwerg

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

E Wäissen Zwerg ass e vergläichsweis klenge Stär a representéiert déi lescht Entwécklungsphas vun engem Stär, deen nom Verbrauch vu sengem Kärbrennstoff manner wéi 1,44 Sonnemassen huet.

En entwéckelt sech aus engem Roude Ris, dee seng baussenzeg Ëmmantelung ofgestouss huet, sou datt säi waarme Kär zréckbleift.

Bei enger Mass tëscht 1,44 an 3 Sonnemassen entsteet dann en Neutronestär, doriwwer e Schwarzt Lach.

Charakteristiken[änneren | Quelltext änneren]

Wäiss Zwergen hunn nëmmen en Duerchmiesser vun e puer dausend bis ongeféier zéngdausend Kilometer, sinn also mat hirer Gréisst vergläichbar mat eiser Äerd. Hir Uewerflächentemperatur huet ufanks tëscht 10.000 an 100.000 Kelvin, wat hir wäiss Faarf ervirbréngt.

Well si awer keng Energiequell méi hunn, kille si uschléissend lues of an enden no ville Milliarde Joren als Schwaarzen Zwerg.

Déi meescht Wäiss Zwerge bestinn am Kär zum gréissten Deel aus Kuelestoff a Sauerstoff, déi duerch Kärfusioun entstane sinn. D'Dicht ass dobäi ongeféier eng Tonn pro Kubikzentimeter. Ënner dësem Drock ass de Gas an engem Zoustand, deen als anormal bezeechent gëtt.

E Wäissen Zwerg gëtt duerch Kräfte stabiliséiert, déi eng Suite vum Pauli-Prinzip sinn. Duerno kënne maximal zwéin Elektrone vum Stäreplasma am selwechten energeteschen Zoustand sinn (kuckt Anormal Matière). Als Folleg vun der Quantemechanik maachen déi méiglech Energiezoustänn eng Leeder, bei deenen den Ofstand vun de Sprëss bei manner Stärevolumen wiest.

Well d'Zoustänn vum ënneschtem Enn vun der Leeder all besat sinn, muss bei enger Kompressioun den Elektronen um ieweschten Enn vun der Leeder Energie zougefouert ginn. Déi Phenomer féieren zu engem Géigendrock, deen dem Gravitatiounsdrock standhale kann. Wann d'Mass vum Virleeferstär méi grouss ass wéi 1,44 Sonnemassen, d'Chandrasekhar-Grenz, dann ass kee Gläichgewiicht méiglech, an de Stär fält weider zesummen zu engem Neutronestär oder zu engem Schwaarze Lach.

Opfalend ass, datt den typeschen Duerchmiesser vun engem Wäissen Zwerg domat onmëttelbar mat der Elektronemass zesummenhänkt, woumat eng astronomesch Gréisst eng direkt Funktioun vun enger mikrokosmescher Naturkonstant ass. D'Stabilitéit vun engem Neutronestär berout iwwregens an analoger Weis op dem Pauli-Prinzip, dat an dësem Fall vergläichsweis bei den Neutronen amplaz vun den Elektronen zum Droe kënnt.

Diverses[änneren | Quelltext änneren]

Wäiss Zwerge kënnen, wa si en Deel vun engem Duebelstäresystem sinn, zu Novae féieren oder an enger Supernova ofschléissen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Wäiss Zwergen – Biller, Videoen oder Audiodateien