Wäissrussesch

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Wäissrussesch Grammaire)
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Ling template LB.png Dëse Sproochen- a Linguistikartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Wäissrussesch
(Беларуская мова)
Gëtt geschwat an : Wäissrussland, Polen, Kanada, Ukrain, Russland, Litauen, Tschechesch Republik an anere Länner
Regioun : Osteuropa
Gëtt geschwat vun: 7,9 Mio.
Klassement :
Klassifikatioun no Famill : Indo-Europäesch
Offizielle Status
Offiziell Sprooch vun : Wäissrussland
Reglementéiert vun : National Akademie vun de Wëssenschaften vu Wäissrussland
Sproochcoden
ISO 639-1 be
ISO 639-2 bel
ISO 639-3 bel
SIL BEL

Wäissrussesch oder och Belarussesch (Беларуская мова) ass eng ostslawesch Sprooch, déi enk Famill ass mam Russeschen an Ukraineschen. Zesumme sinn d'Wäissrussesch an d'Russesch déi zwou offiziell Sproochen vu Wäissrussland. D'Sprooch gëtt och geschwat vun enger wäissrussescher Minoritéit a Polen. Si ass déi Mammesprooch vun zirka 7,9 Millioune Leit.

Wäissrussescht Alphabet[änneren | Quelltext änneren]

D'Wäissrussesch gëtt mat enger modifizéierter Versioun vum Kyrilleschen Alphabet geschriwwen:

A, Б, В, Г, Ґ, Д, Е, Ё, Ж, З, І, Й, К, Л, М, Н, О, П, Р, С, Т, У, Ў, Ф, Х, Ч, Ш, Ы, Ь, Э, Ю, Я

Grammaire[änneren | Quelltext änneren]

D'Grammaire vun der wäissrussescher Sprooch huet vill Gemeinsamkeete mat der russescher Grammaire, mä gëtt och zu engem gudden Deel vum Polnesche beaflosst. Wéi an de meeschte slawesche Sproochen, ginn am Wäissrusseschen d'Wierder deklinéiert an d'Verben hunn Aspekter amplaz vun Zäiten.

Beispilltext[änneren | Quelltext änneren]

Eise Papp op Wäissrussesch:

Ойча наш, які ёсць на небе!
Свяціся Імя Тваё.
Прыйдзі Валадарства Тваё.
Будзь воля Твая
Як на Небе, так і на зямлі.
Хлеб наш штодзённы
дай нам сёння.
І адпусці нам грахі нашы,
як і мы адпускаем
вінаватым нашым.
І ня ўводзь нас у спакусу,
але збаў нас ад злога.
Амэн.