Wäissrussesche Rubel
De Wäissrussesche Rubel (BYN) ass zanter Mee 1992 déi offiziell Wärung vu Wäissrussland.
1 Rubel ass an 100 Kopeken ënnerdeelt.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]- Den éischte Wäissrussesche Rubel (BYB) gouf e puer Méint no der Onofhängegkeet vun der Sowjetunioun am Mee 1992 offiziell agefouert. 10 Sowjetesch Rubel goufen 1 Wäissrussesche Rubel.
- Den zweete Wäissrussesche Rubel (BYR) gouf am Joer 2000 agefouert. Bei dësem Rubel goufen 3 Nulle gestrach: 1000 BYB = 1 BYR.
- Den drëtte Wäissrussesche Rubel (BYN) gouf den 1. Juli 2016 agefouert am Verhältnis vun 10.000 Rubel (BYR) = 1 Rubel (BYN). Mat dëser Ännerung koume fir d'éischt kéier Mënzen an den Ëmlaf.
Billjeeën a Mënzen
[änneren | Quelltext änneren]Éischt Serie (1992–2000)
[änneren | Quelltext änneren]Den éischte Rubel vun 1992 bis 2000 (BYB) war a Kopeken ënnerdeelt.
Zweet Serie (2000–2016)
[änneren | Quelltext änneren]Bei der Wärungsëmstellung am Joer 2000 (BYR) goufe keng nei Kopekenmünzen oder -billjeeë produzéiert. Vun der zweeter Serie goufen et Billjeeë mat Wäerter 1, 5, 10, 20, 50, 100, 500, 1000, 5000, 10.000, 20.000, 50.000, 100.000 an 200.000 Br; Mënzen hu virun der Ëmstellung vum 1. Juli 2016 net existéiert.
| Billjeeën (2000–2016) | ||
|---|---|---|
| Bild | Wäert | |
| 1 Rubel | ||
| 5 Rubel | ||
| 10 Rubel | ||
| 20 Rubel | ||
| 50 Rubel | ||
| 100 Rubel | ||
| 500 Rubel | ||
| 1000 Rubel | ||
| 5000 Rubel | ||
| 10.000 Rubel | ||
| 20.000 Rubel | ||
| 50.000 Rubel | ||
| 100.000 Rubel | ||
| 200.000 Rubel | ||
Drëtt Serie (zanter 2016)
[änneren | Quelltext änneren]Zanter der Reform vun 2016 (BYN) ginn et Mënzen mat de Wäerter 1, 2, 5, 10, 20 a 50 Kopeken, souwéi 1 an 2 Rubel. Billjeeë ginn et mat de Wäerter 5, 10, 20, 50, 100, 200 a 500 Br. Billjeeën vun der aler Serie vun 100 Br bloufen an enger Iwwergangszäit weider gëlteg.
| Billjeeën (zanter 2016) | ||
|---|---|---|
| Bild | Wäert | |
| 5 Rubel | ||
| 10 Rubel | ||
| 20 Rubel | ||
| 50 Rubel | ||
| 100 Rubel | ||
| 200 Rubel | ||
| 500 Rubel | ||
| Mënzen (zanter 2016) | ||
|---|---|---|
| Bild | Wäert | |
| 1 Kopeke | ||
| 2 Kopeken | ||
| 5 Kopeken | ||
| 10 Kopeken | ||
| 20 Kopeken | ||
| 50 Kopeken | ||
| 1 Rubel | ||
| 2 Rubel | ||
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Wäissrussesche Rubel – Biller, Videoen oder Audiodateien |