Wikipedia:Signatur

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Wikipedia:SIG)

Ofkierzung: WP:SIG Fir d'Bäiträg op den Diskussiounssäiten och engem Benotzer zouuerdnen ze kënnen, huet et sech op Wikipedia agebiergert, dës z'ënnerschreiwen. Dës Säit erkläert, wéi Dir sou eng Ënnerschrëft mat engem Link op Är Benotzersäit maacht. Bei Artikelen ass eng Signatur net sënnvoll, well et do an der Reegel méi wéi een Auteur gëtt. Fir nozevollzéien, wien alles un engem Artikel geschafft huet, gëtt et den Historique.

Ënnerschreiwen[Quelltext änneren]

Eng Ënnerschrëft setzt Dir no zwéi Bindestrécher mat am Beschte véier Tilden ( ~ ) an. Nom Späichere gesidd Dir bei den ugemellte Benotzer e Link op hir Benotzersäit, bei dene wou net ugemellt sinn, hir IP-Adress.

Wat Dir maacht … … gëtt beim Späicherem ëmgewandelt … … a sou op der Säit ugewisen …
-- ~~~ -- [[User:Benotzernumm|Benotzernumm]] -- Benotzernumm
-- ~~~~ -- [[User:Benotzernumm|Benotzernumm]] 13:49, 29. Mäerz 2024 -- Benotzernumm 13:49, 29. Mäerz 2024
-- ~~~~~ -- 13:49, 29. Mäerz 2024 -- 13:49, 29. Mäerz 2024

Déi zwéi Bindestrécher sinn aus dem Usenet iwwerholl, wou zwéi Bindestrécher gefollegt vun enger eideler Plaz den Ufank vun enger véierzeileger Signature kennzeechnen. Si sinn an der Wikipedia zwar net zwéngend, awer üblech.

Wien a sengen Astellungen d'Editéier-Geschirkëscht ugeschalt huet, ka mam Signatur-Icon () déi véier Tilden asetzen.

Inhalt vun der Signatur änneren[Quelltext änneren]

An den Astellungen léisst sech e Spëtznumm fir d'Signatur festleeën. Dozou gitt Dir am Feld "Äre Spëtznumm (fir Ënnerschrëften)" Äre Spëtznumm an. De Link gesäit dann sou aus: Spëtznumm (Am Quelltext [[User:Benotzernumm|Spëtznumm]]).

Vill Wikipedianer benotzen e klengen Trick, fir nieft dem Spëtznumm och e Link op hir Diskussiounssäit anzebannen. Dozou musst Dir an den Astellungen de Crochet fir "Ënnerschrëft ouni automatesche Link op déi eege Benotzersäit" aktivéieren an am Feld "Ënnerschrëft" amplaz vun Ärem Spëtznumm eng komplett Signatur mat Wiki-Syntax aginn. Wann ee folgendes

[[User:Benotzernumm|Spëtznumm]] [[User_talk:Benotzernumm|Diskussioun]]

agëtt, da kritt ee Spëtznumm Diskussioun eraus.

Eege Signatur per Stylesheet ervirhiewen[Quelltext änneren]

Messagen, extern Linken, Reklamm oder Biller, Abanne vu Virlagen a. Ä. sinn a Signaturen net erwënscht, D'Sigantur soll en Hiweis op den Auteur vun engem Kommentar ginn, an net d'Liese vun der Säit fir aner Benotzer stéieren.

Als ugemellte Benotzer kann een awer trotzdem eng faarweg Signatur hunn, andeems een a säin eegene Stylesheet (beim Monobook-Skin ass et User:Benotzernumm/monobook.css) zum Beispill follgend Zeil dobäisetzt:

a[href$="User:Benotzernumm"] { background:#FF3030; font-weight:bold; }

Domat ginn all Linken op d'eege Benotzersäit mat engem rouden Hannergrond an a Fettschrëft duergestallt. Mee dëst gesäit awer nëmmen dee Benotzer selwer, fir all déi aner gesäit d'Signatur ganz normal aus.

Souwéi an dësem Nummraum entspriechend fir all déi Aner (déi allerdéngs virun der Eegener stoe muss):

a[href*="User:"], a[href*="User_talk:"] { background-color:#CCF; }

Um.: Dës CSS 2/3-Indikatioune gi (säit enger Zäit) vun alle gudde Browseren ënnerstëtzt, ausser dem InternetExplorer, deen dëst eréischt ab Versioun 7 beherrscht.

Signaturen, déi feelen[Quelltext änneren]

Mat der Template:Unsigned kann een Diskussiounsbäiträg, déi net ënnerschriwwe goufe, markéieren. Dëst déngt gläichzäiteg dozou, de Benotzer drop opmierksam ze maachen, datt seng Signatur feelt, wéi et och deenen anere Benotzer méi einfach gemaach gëtt, d'Diskussioun ze verfollegen. Ausgefëllt gëtt follgendermoossen:

{{subst:Unsigned|Benotzernumm oder IP-Adress|Auerzäit, Datum}}

D'Parameter kënnen aus dem Historique kopéiert ginn. Beispill: (dëse Bäitrag, deen net ënnerschriwwen ass koum vum 127.0.0.1 (DiskussiounBäiträg) 2006-06-06 06:06)

Nei Wikipedianer kënne mat {{subst:Ënnerschreiwen}} op hirer Diskussiounssäit drophigewise ginn, datt hir Ënnerschrëft feelt.