Op den Inhalt sprangen

Waasserstoff

Vu Wikipedia
Waasserstoff
(fr) hydrogène
Positioun vum Waasserstoff am Periodesystem
Allgemenges
Symbol H
Uerdnungszuel 1
Nofollger Helium Edit this on Wikidata
Elementkategorie Netmetaller
Gehéiert zu 1. Period vum Periodesystem,
1. Grupp vum Periodesystem,
Waasser
Faarf faarflos
CAS-Nummer 12385-13-6
Atomar
Atommass 1,008
Elektronekonfiguratioun 1s¹
Physikalesch
Dicht 0,089870
Schmëlzpunkt -259,14 °C
Kachpunkt -252,87 °C
Cheemesch
Elektronegativitéit 0,089870
Aner Informatiounen
Entdecker Henry Cavendish
Datum 1766
Genannt no Waasser
Elektronecouche
Elektronekonfiguratioun vum Waasserstoff
(en) Waasserstoff-Spektrum-Test

Waasserstoff ass e cheemescht Element mat dem Symbol H (fir hydrogenium, „Waasserproduzent“ op Latäin) an der Uerdnungszuel 1 am Periodesystem vun den Elementer. Seng relativ Atommass ass 1,00794.

Et ass vun allen Elementer dat mat der niddregster Atommass an Uerdnungszuel. D'Uerdnungszuel 1 bedeit, datt e Waasserstoffatom 1 Proton an 1 Elektron a sengem Grondzoustand huet. Et gëtt zwee aner natierlech Waasserstoffisotopen, vun deenen den net-radioaktiven Deuterium (+ 1 Neutron) 0j,0156 % vum natierleche Waasserstoff ausmécht, iwwerdeems de radioaktiven Tritium (+ 2 Neutronen), deen an den ieweschte Schichte vun der Äerdatmosphär gebilt gëtt, nëmmen a klenge Quantitéite virkënnt. Et ass dat heefegst Element am Universum (93 % vun der Mass vun allen Atomen). Stären (an domat och d'Sonn) bestinn haaptsächlech aus Waasserstoff. All anert Element, ausser Helium, ass am Laf vun der Zäit aus Waasserstoff gebilt ginn.

Ënner de Bedéngunge wéi se normalerweis op der Äerd virkommen, kënnt net dësen atomare Waasserstoff vir, mä seng dimeriséiert Form, de molekulare Waasserstoff H2, wat e Gas ouni Faarf a Geroch ass.

Bei bestëmmte cheemesche Reaktiounen entsteet Waasserstoff fir kuerz Zäit atomar als H, och naszéierende Waasserstoff genannt. E reagéiert an dëser Form besonnesch staark mat aneren Elementer oder Verbindungen.

Wasserstoff (Protium), Deuterium, Tritium

Den englesche Chimist Henry Cavendish ass den Entdecker vum Waasserstoff. 1766 huet hie Waasserstoff produzéiert andeems e Saier op Zénk geschott huet. Hien huet dee Gas, deen dobäi entstanen ass, als "brennbar Loft" bezeechent. Well hien et als spezifesch Substanz identifizéiert huet, huet e gesot et wier en Element.

Op ähnlech Aart a Weis (Aktioun vu Säiren op Metaller) haten den Théodore Turquet de Mayerne (ëm 1620) an de Robert Boyle (ëm 1670) awer schonn am 17. Joerhonnert e Gas produzéiert, dat si Knallgas genannt hunn.

An 100 Millioune Liter Loft si 5 Liter Waasserstoff. Der Äerd hir Unzéiungskraaft geet net duer fir de Waasserstoff zeréckzehalen, nëmmen op Planéite wéi dem Saturn a Jupiter geet d'Gravitatiounskraaft duer. De Waasserstoff fënnt een haaptsächlech a gebonnener Form, wéi am Waasser.

Dem Cavendish seng Method bei där een op en oneedelt Metall eng verdënnt Saier schëtt, gëtt nach haut an de Laboratoire benotzt fir Waasserstoff hierzestellen.

 Commons: Waasserstoff – Biller, Videoen oder Audiodateien