Waassertuerm op der Cloche-d'Or

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Waassertuerm op der Cloche-d'Or
Luxembourg, water tower Gasperich(104).jpg
De Waassertuerm an der Schimmerecht
Land Lëtzebuerg
Adress Boulevard de Kockelscheuer
Koordinaten 49° 34’ 42.13’’ N 6° 07’ 10.88’’ E
Architekt(en) Jim Clemes, Schroeder&Associés, T/E/S/S
Status a Betrib
Datum vum Bau 2015-2017
Proprietär Stad Lëtzebuerg

De Waassertuerm op der Cloche-d'Or ass e Waassertuerm, dee vun der Gemeng Lëtzebuerg bedriwwe gëtt, fir d'Quartieren Zéisseng a Gaasperech, virun allem och déi nei bebaut Terrainen um Ban de Gasperich an op der Cloche d'Or mat Drénkwaasser ze versuergen. E gouf tëscht 2015 an 2017 gebaut an den 20. Mäerz 2018 offiziell ageweit. Et ass deen héchste Waassertuerm aus dem Land.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng Lëtzebuerg wollt e Gebai, dat erausstieche géif, an hat dofir am Hierscht 2012 e Concours ausgeschriwwen, bei deem 32 Architektebüroe matgemaach hunn. Am Februar 2013 gouf de Projet vum Atelier d'architecture et de design Jim Clemes, dem Ingenieurbüro Schroeder&Associés an dem Atelier d'ingénierie T/E/S/S zréckgehalen.[1]

De Bau vum Tuerm huet 8,7 Milliounen Euro kascht. E gouf den 20. Mäerz 2018 ageweit an d'Beliichtung gouf am Abrëll 2018 a Betrib geholl.[1]

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

De Waassertuerm, en Zylinder aus arméiertem Bëtong, ass 68,43 Meter héich a 15 Meter breet. E steet laanscht d'Autobunn A6, beim Zéissenger Kräiz. En huet eng opfälleg wäiss Verkleedung aus Aluminiumsplacken, déi mat wäissem Thermolack behandelt goufen, an déi zesummegesat e Muster aus dënne wäisse Linnen erginn, déi hott an har ronderëm den Tuerm lafen. Dës gëtt, wann et däischter ass, vun LED-Stahlere beliicht, déi, no engem Konzept vu Licht Kunst Licht, den Tuerm progressiv beliichten.[2]

Bannen huet en zwéi Basenge vun allkéiers 500 Meter-Kibb, fir d'Waasser, dat vun der SEBES kënnt, ze späicheren. Ënnert de Basenge sinn, op 7 Stäck, Lagerraim vum Service des Eaux der Stater Gemeng amenagéiert, déi iwwer e spezielle Monte-charges erreecht kënne ginn.[2]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Josée Hansen: "Chrysalide." In: d'Lëtzebuerger Land 24. November 2017, Nr.47,S.6.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 "Er überragt sie alle: neuer Wasserturm eingeweiht." wort.lu, 20.03.2018.
  2. 2,0 2,1 "Der Wasserturm in Luxemburg-Gasperich von außen und innen." tageblatt.lu, 17. Mäerz 2018. 14:57 Uhr - Akt: 17. Mäerz 2018. 15:37 Uhr.