Eisekuchseisen

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Waffeleisen)
En elektrescht Eisekuchseisen

En Eisekuchseisen ass e Kichegeschier, fir Eisekuchen ze baken.

En Eisekuchseise besteet aus zwou metallenen articuléierte Placken, op deenen e Muster ass. Béid Placke ginn erhëtzt, da gëtt flëssegen Deeg drageschott a se ginn zougeklappt. No e puer Minutten ass den Deeg bannendra gebak, an den Eisekuch ass fäerdeg.

Fréier geschouch d'Erhëtzen, andeems een d'Eisekuchseisen, dat aus Goss war, an oder iwwer d'Feier geluecht huet, haut ass dat meeschtens elektresch.

E gossent Eisekuchseisen

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Eisekuchseisen – Biller, Videoen oder Audiodateien