Waldhaff (Nidderaanwen)

Vu Wikipedia
Waldhaff
D'Nationalstrooss 11 a Richtung Nord-osten.
An anere Sproochen fr: Waldhof
de: Waldhof
Land Lëtzebuerg
Kanton Lëtzebuerg
Gemeng Nidderaanwen
Buergermeeschter Frédéric Ternes (CSV)
Awunner 4
  Januar 2013
Koordinaten 49° 39’ 27’’ N
      06° 11’ 23’’ O

De Waldhaff ass e Lieu-dit an der Kadastersektioun Gréngewald vun der Gemeng Nidderaanwen. E läit op enger Héicht vun ca. 416 m (NG-L).

De Waldhaff läit am Dräieck tëscht der Iechternacherstrooss N11 an dem CR126 deen op de Stafelter geet.

Um Waldhaff fanne mer:

  • de Camp Militaire Waldhof allgemeng als d'Munitiounslager bekannt.
  • den Haff selwer, deen dem Staat gehéiert a wou fréier eng Besamungsstatioun war, mat Wunnenge fir d'Aarbechter déi am Bësch an an der Bamschoul schaffen. Haut huet d'Forstverwaltung eng Parti vun hire Büroen an dem Deel vun der Besamungsstatioun.
  • op der Iechternacherstrooss op der Plaz um Berger den ale Café Waldhaff, haut e Restaurant mat Spillplaz fir Kanner, och am Besëtz vum Staat.
  • do dernieft am Bësch, knapps 200 m ewech, en Arboretum wou ee vill rar Zorte Beem gesi kann.
  • en Depot vun der Bauverwaltung
  • d'Staatsbamschoul

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Waldhaff – Biller, Videoen oder Audiodateien