Op den Inhalt sprangen

Walfer Bicherdeeg

Vu Wikipedia
Calicot virum Centre sportif Prince-Henri zu Walfer
Privat Aussteller verkafen Occasiounsbicher an der 1. Hal
Professionell Editeuren an Institutiounen sinn an der 2. Hal

D'Walfer Bicherdeeg sinn e wichtege Rendez-vous vu Buchediteuren, Auteuren a Lieser vu Lëtzebuerg an aus der Groussregioun.

Si sinn zanter 1995 all Joer den 3. Weekend am November am Centre sportif Prince-Henri zu Walfer an den zwou Sportshalen an an enger "Zeltstad" virum Haaptagank ofgehalen. Organisateur ass d'Gemeng Walfer.

D'Walfer Bicherdeeg riichte sech un de breede Public a bidden nieft neie Bicher och e groussen Occasiouns- an Antiquariatsmaart.

Den nationalen Dictéesconcours vum LTAM an Zesummenaarbecht mat RTL Radio Lëtzebuerg gëtt zanter dem Joer 2005 am Kader vun de Walfer Bicherdeeg ofgehalen.

Zanter 2006 verginn d'Lëtzebuerger Bicherediteuren am Kader vun de Bicherdeeg hire Lëtzebuerger Buchpräis.

EditiounDatumMotto
27 - 2022 19.-20. Nov. Vum Wuessen a Wuerzele schloen
26 - 2021 20.-21. Nov. Vun Zauberwierder an Zukunftsmutt
2020 Wéinst der COVID-19-Pandemie ausgefall
25 - 201916.-17. Nov.Mir feieren d'Buch
24 - 201816.-18. Nov.
23 - 201719.-20. Nov.Kreativitéit - iwwer Iddien an Inspiratioun
22 - 201618.-20. Nov.Nei Welten
21 - 201521.-22-. Nov.Europa
20 - 201414.-16. Nov.Fester feieren
19 - 201315.-17. Nov.Konscht - Kultur - Kollektiounen
(mat de stater muséeën)
18 - 201217.-18. Nov.Philosophie
17 - 201119.-20. Nov.Kino a Film
16 - 201020.-21. Nov.Musek
15 - 200921.-22. Nov.Natur an Ëmwelt
14 - 200815.-16. Nov.Sport a Fräizäit
13 - 200717.-18. Nov.Iwwer Grenzen
12 - 200618.-19. Nov.Krimi & Co.
11 - 200519.-20. Nov.Literatur a Gastronomie
 Commons: Walfer Bicherdeeg – Biller, Videoen oder Audiodateien