Walram III. vu Lëtzebuerg-Ligny

Vu Wikipedia
Walram III. vu Lëtzebuerg-Ligny
Gebuer 1355 jul.
Saint-Pol-sur-Ternoise
Gestuerwen 10. Abrëll 1415 jul.
Carignan
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Aristokrat, Militär
Famill
Papp Guy vu Lëtzebuerg-Ligny
Geschwëster Pierre vu Lëtzebuerg

De Walram III. vu Lëtzebuerg-Ligny, gebuer ëm 1357 zu Saint-Pol-sur-Ternoise den 12. Abrëll 1415 um Schlass vun Ivoix, war Grof vu Saint-Pol, vu Ligny, Här vu Roussy a vu Beauvoir vun 1371 bis 1415.

Hie war dem Guy, Grof vu Ligny, an der Mahaut vu Châtillon, Gräfin vu Saint-Pol, hire Jong.

Hien ass an den Déngscht vum Charles V., Kinnek vu Frankräich agetrueden, an d'Hänn vun den Englänner gefall an huet sech, wärend senger Gefaangenschaft, 1380 mat der Maud Holland († 1392) bestuet, der Wittfra vum Hugues vu Courtenay, an der Duechter vum Thomas Holland an der Joan vu Kent. Si kruten ee Meedchen, d'Jeanne († 1407), dat den Antoine vu Brabant (1384-1415) bestuet huet, Herzog vu Brabant a vu Limburg.

No der Jeanne hirem Doud huet de Walram sech 1393 mat der Bonne vu Bar († 1400) bestuet, der Duechter vum Robert I., Herzog vu Bar an der Marie vu Frankräich, mä se hate keng Kanner.

De Charles VI. huet hien ugestallt, zu London e Fridden ze verhandelen (1396) an en zum Gouverneur vu Genua ernannt (1397).

Wärend dem Kinnek senger Demenz huet den Herzog Jean I. vun der Bourgogne, zu deem hien trei gehalen huet, d'grande maîtrise des eaux et forêts iwwerdroen, dunn, 1410, de Gouvernement vu Paräis a 1412 de Poste vum Connétable. Hien huet zu Paräis d'Miliz vun den Écorcheurs opgestallt, a sech e puermol mat den Armagnacs an der Normandie zerklappt. Hien huet 1413 Paräis mat de Burgunder misse verloossen an ass kuerz drop gestuerwen. Den eelste Jong vu senger Duechter, de Philippe vu Saint-Pol, gouf säin Nofollger.

Referenzen[Quelltext änneren]