Walt Whitman Rostow

Vu Wikipedia
Walt Whitman Rostow
bei enger Sëtzung am Wäissen Haus (1968)
Gebuer 7. Oktober 1916
New York
Gestuerwen 13. Februar 2003
Austin
Nationalitéit USA
Educatioun Yale Universitéit,
Balliol College
Aktivitéit Ekonomist, Universitéitsprofesser, Politiker, Schrëftsteller, Historiker, Politolog
Partei Demokratesch Partei
Member vun American Academy of Arts and Sciences, American Philosophical Society
De W.W. Rostow

De Walt Whitman Rostow, gebuer de 7. Oktober 1916 zu New York City a gestuerwen den 13. Februar 2003 zu Austin, Texas, war een US-amerikaneschen Historiker an Ekonomist. Hie gouf bekannt wéinst sengen Theorien iwwer de Wirtschaftswuesstum, déi hien op der Grondlag vun den Aarbechte vum Colin Clark verfäinert an ausgebaut huet. Senger Theorie no entwéckelt eng Ekonomie sech an Etappen, vun der Etapp vun der Ënnerëntwécklung bis hin zur Konsumgesellschaft, der Gesellschaft vum Massekonsum. Hie beschreift d'Konditiounen, déi erfëllt musse sinn, fir datt an engem Land d'Ekonomie den take off erreecht an duerchstart.

Hie war och Beroder vum John F. Kennedy an dem Robert McNamara.

Säi Wierk[änneren | Quelltext änneren]

Hei e puer vu senge Publikatiounen:

  • The Stages of Economic Growth: A non-communist manifesto, 1960.
  • Politics and the Stages of Growth, 1971.
  • How it All Began: Origins of the modern economy, 1975.
  • The World Economy: History and prospect, 1978.

Seng Publikatioune sinn a vill Sproochen iwwersat ginn. Wichteg ass a franséischer Sprooch:

  • W.W. Rostow: Les étapes de la croissance économique, Éditions du Seuil, Paräis, 1960

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Walt Whitman Rostow – Biller, Videoen oder Audiodateien