Walter Schirra

Vu Wikipedia
Walter Schirra
Gebuer 12. Mäerz 1923
Gestuerwen 3. Mee 2007
La Jolla
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit USA
Educatioun United States Naval Test Pilot School,
United States Naval Academy
Aktivitéit Astronaut, Autobiograph, Testpilot, Raumfaartingenieur, Pilot, Geschäftspersoun
Member vun NASA

De Walter Marty "Wally" Schirra Jr., gebuer den 12. Mäerz 1923 zu Hackensack, New Jersey, USA a gestuerwen den 3. Mee 2007 zu La Jolla a Kalifornien, war en US-amerikaneschen Astronaut. Hie war den eenzegen, deen u jiddwer vun deenen éischten dräi Raumfaartprogrammer vun den USA – Mercury, Gemini an Apollo – aktiv als Raumfuerer bedeelegt war.

De Schirra hat Loftfaarttechnik um Newark College of Engineering vun 1940 bis 1942 geléiert a goung dunn op d'United States Naval Academy, wou hien am Juni 1945 säin Diplom krut. An de leschte Woche vum Zweete Weltkrich hat hien op der USS Alaska gedéngt.

Vun 1948 u war hie Kampfpilot vun der US-Marinn a war och Asätz am Koreakrich geflunn. Vun 1952 bis 1954 war hien Testpilot zu China Lake, Kalifornien, wou hien och un der Entwécklung vu Loft-Loft-Rakéite matgewierkt hat. Weider Statiounen a senger Carrière waren de Fligerdréier USS Lexington an Ausbildungen a Kalifornien an a Maryland.

Mercury[änneren | Quelltext änneren]

De Walter Schirra war ee vun 110 Testpiloten, déi an enk Auswiel fir déi éischt Astronautegrupp vum Mercury-Programm koumen. Den 9. Abrëll 1959 gouf hien du vun der NASA als ee vun de siwen éischten amerikaneschen Astronauten dem Publikum virgestallt. Als Spezialgebitt hat hien d'Liewenserhalungssystemer u Bord vum Mercury-Raumschëff an de Raumkostüm iwwerholl. Fir den zweete Fluch vun engem Mercury-Raumschëff an d'Äerdëmlafbunn, Mercury-Atlas 7, war de Schirra als Ersatzpilot agedeelt. Wéi dem ufanks nominéierte Pilot Deke Slayton d'Fluchfäegkeet ofgesprach gouf, koum zwar net de Schirra, mä den Scott Carpenter zum Zuch.

Säin éischte Weltraumasaz hat de Schirra du mat Mercury-Atlas 8, wéi hien den 3. Oktober 1962 d'Raumschëff Sigma 7 sechsmol ëm d'Äerd gesteiert hat. Dëse Fluch goung als „Raumfluch aus dem Léierbuch“ an d'Geschicht vun der NASA an. De Schirra war domat den néngte Mënsch am Weltraum, dovun de fënneften Amerikaner.

Gemini[änneren | Quelltext änneren]

Vu Januar 1963 un, hat de Schirra bei der NASA nei Aufgaben an der Koordinatioun vun de Gemini- an Apollo-Aktivitéiten iwwerholl.

Vun Abrëll 1964 un hat de Schirra sech fir den éischten amerikaneschen Zwéi-Mann-Fluch Gemini 3 virbereet, fir deen hien als Ersatz-Kommandant agedeelt gouf. Nodeem dëse Fluch den 23. Mäerz 1965 erfollegräich vum Virgil Grissom an dem John Young gemaach gouf, krut hien de Kommando fir den nächste Fluch, de Gemini 6.

Dëse Fluch hätt déi éischt Kopplung vun zwéi Raumfluchkierper an der Äerdëmlafbunn sollte ginn. Den Asazplang hat awer no engem Feelstart vum Zilsatellit geännert misse ginn an et gouf dunn e Rendez-vous mat der Gemini 7 gemaach.

Apollo[änneren | Quelltext änneren]

De Walter M. Schirra Jr. (1968)

No der erfollegräicher Missioun vu Gemini 6 war de Schirra op den Apollo-Programm gewiesselt, wou hien den 29. September 1966 als Kommandant vum zweete bemannte Fluch nominéiert gouf. Hie krut den Donn Eisele an de Walter Cunningham zougedeelt. Am November 1966 gouf dëse Fluch ofgesot, an déi dräi Astronaute goufen d'Ersatzcrew fir den éischte bemannten Apollo-Fluch, Apollo 1. Bei engem Test de 27. Januar 1967 koumen dräi Membere vun der Haaptcrew ëm d'Liewen, an all d'Mannschaftsandeelunge waren hifälleg ginn. Den 9. Mee 1967 goufen dann de Schirra, den Eisele an de Cunningham als Mannschaft fir den éischte bemannten Apollo-Fluch bekannt ginn. Déi Missioun krut elo d'Bezeechnung Apollo 7. Apollo 7 war den 11. Oktober 1968 gestart a war eelef Deeg an der Äerdëmlafbunn bliwwen. Aus technescher Siicht war dëse Fluch ganz gutt, et gouf e Rendez-vous mat der ieweschter Stuf vun der Saturn 1B-Rakéit gemaach an déi éischt Televisiounsbiller aus engem amerikanesche Raumschëff op d'Äerd geschéckt.

Carrière no der NASA[änneren | Quelltext änneren]

De Schirra huet d'NASA den 1. Juli 1969 verlooss. Hien huet dann als Chef a Geschäftsmanager a verschiddene Firme geschafft, bis hien 1979 seng eegen Entreprise Schirra Enterprises gegrënnt huet. De Walter Schirra war bestuet an hat zwee Kanner.

Am Alter vun 84 Joer ass hien u Kriibs am Scripps Green Hospital zu La Jolla a Kalifornien gestuerwen.

Spezielles a Rekorder[änneren | Quelltext änneren]

  • éischte Mënsch mat dräi Raumflich (ë. a. Apollo 7)
  • éischte Mënsch, deen dräi Raumschëffer gesteiert hat (Mercury-Programm, Gemini-Programm an Apollo-Programm)
  • éischte Mënsch, deen dräimol Kommandant vun enger Missioun war
  • éischte Fluch vum Apollo-Programm
  • éischte Mënsch, deen e Museksinstrument am Weltraum gespillt hat. (Jingle Bells op enger Mondharmonika, 1965).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Walter Schirra – Biller, Videoen oder Audiodateien