Walter Stoeckel
Ausgesinn
| Walter Stoeckel | |
|---|---|
|
| |
| Gebuer | 14. Mäerz 1871 |
| Gestuerwen |
12. Februar 1961 Berlin |
| Nationalitéit | Däitschland |
| Aktivitéit | Dokter, Gynekolog, Universitéitsprofesser |
| Fonctioun | Geheimrat |
| Member vun | Akademie der Wissenschaften der DDR, Däitsch Akademie vun den Naturfuerscher Leopoldina |
|
| |
De Walter Stoeckel, gebuer de 14. Mäerz 1871 zu Adlig Klein-Stobingen bei Insterburg, Ostpreisen, a gestuerwen den 12. Februar 1961, war en däitsche Gynekolog a Gebuertshëllefspezialist.
Hien huet e gudden Deel zum Opbau vun enger fortschrëttlecher Fraeklinik un der Berliner Charité ufanks der 1930er Jore bäigedroen a war 25 Joer laang Professer vu sengem Fachgebitt. Zu senge wëssenschaftlechen Aarbechte gehéiert d'Verbesserung vum operativen Eraushuele vum Uterus, dat ë. a. no him Schauta/Stoeckel-Operatioun genannt gouf.
