Walter Sydney Adams

Vu Wikipedia
Walter Sydney Adams
Gebuer 20. Dezember 1876
Antiochia
Gestuerwen 11. Mee 1956
Pasadena
Nationalitéit USA
Aktivitéit Astronom
Member vun Royal Society, Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften, American Academy of Arts and Sciences, American Philosophical Society, American Astronomical Society, American Association for the Advancement of Science, National Academy of Sciences

De Walter Sydney Adams, gebuer den 20. Dezember 1876 zu Antakya an der Tierkei, a gestuerwen den 11. Mee 1956 zu Pasadena, war en US-amerikaneschen Astronom. Hie war vun 1923 bis 1946 Direkter vum Mount Wilson-Observatoire a Kalifornien.

Dem Adams seng Eltere ware Missionnairen an der Missioun vu Antiochia a Syrien. Hie koum 1885 an d'USA. Hien huet säi Studium am Dartmouth College gemaach, wou hien am Joer 1898 ofgeschloss huet. Duerno huet hien an Däitschland weiderstudéiert. Spéider gouf hien Direkter vum Mount Wilson-Observatoire.

Hie krut en ettlech Auszeechnungen:

Zesumme mat dem Arnold Kohlschütter huet den Adams en Zesummenhank vun der relativer Intensitéit vu bestëmmte Spektrallinne mat der Liichtkraaft vum Stär fonnt. Hien huet domat d'Méiglechkeet vun der spektroskopescher Distanzbestëmmung vu Stären (spektroskopesch Parallax) gegrënnt. Mat dëser Method huet hien d'Distanz vun Honnerte vu Stäre vun der Haaptrei, a vu Risestäre gemooss. Hien entdeckt mat dem Stär Sirius B den éischte bekannte Wäissen Zwerg. Seng Miessung vu senger gravitativer Routverrécklung war e weidere Beleeg vun der Allgemenger Relativitéitstheorie. Weider gouf den Adams duerch spektroskopesch Studië vu Sonneflecken an der Sonnerotatioun bekannt.

No him gouf e Krater um Mars an den Asteroid (3145) Walter Adams genannt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie