Wandmillen am Val Fleuri
|
D'Iwwerreschter vun der fréierer Wandmillen, matzen am Schantje vum Centre Hospitalier (Juni 2025) | |
| Geographesch Donnéeën | |
|---|---|
| Land | Lëtzebuerg |
| Gemeng | Lëtzebuerg |
| Plaz | Rollengergronn |
| Koordinaten | 49°37'0,480"N, 6°6'3,233"O |
| Donnéeë vum Gebai | |
| Statut | Zousazinventaire vun de klasséierte Monumenter |
| Datum vum Bau | 1865 |
|
| |

D'Wandmillen am Val Fleuri ass eng fréier Wandmillen am Quartier Rollengergronn/Belair-Nord vun der Stad Lëtzebuerg. „Wandmillen“ ass och den Numm vum Lieu-dit ronderëm déi fréier Millen; ë. a. erënnert den Numm vun der Bushalt op der Areler Strooss nach un déi al Millen.
D'Mille steet zënter dem 11. Dezember 2002 um Zousazinventaire vun de klasséierte Monumenter zu Lëtzebuerg.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Mille war eng vu sechs Millen an der deemoleger Gemeng Hollerech[1]. Et war eng Hollännerwandmille mat engem zolitte stenge Sockel, déi 1865 gebaut gouf[2]. Se hat dräi Muelgäng an d'Millesteng ware vu „beschter franséischer Qualitéit“.[3]
Am Joer 1866 ass de Mëller Frédéric Frœlich vun der Gaalgeknupp Faillite gaangen[4], wouropshin d'Millen dat Joer duerno versteet gouf[3]. Sechs Joer méi spéit stoung d'Millen dunn nees zum Verkaf[5].
(…)
Am Mee 2025 ass bekannt ginn, datt d'Iwwerreschter vun der Millen am Kader vum neie Gebai vum Centre hospitalier (CHL) „hënneren“ an datt se warscheinlech missten ofgerappt ginn. De Kulturminister Eric Thill an d'Gesondheetsministesch Martine Deprez hunn zouginn, datt wéi d'Ausbaupläng 2014 ausgeschafft goufen, scho Feeler geschitt sinn, well d'Erhale vum klasséierte Gebai net virgesi gouf[6].
Enn Abrëll 2026 gouf du matgedeelt, datt d'Wandmillen ofgerappt an duerno – fréistens 2029 – méi no bei der Areler Strooss, um Terrain vum CHL nees géif opgeriicht ginn[7].
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Erpelding, Émile, 1988. Die Mühlen des Luxemburger Landes. 2. Aufl. 800 S. Christnach: E. Borschette ; Luxembourg: Impr. Saint-Paul, Luxemburg.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Wandmillen am Val Fleuri – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- D'Wandmillen op industrie.lu
- Tim Morizet, Kompromëss fir den Erhalt, Wandmille beim CHL gëtt ofgebaut – a méi wäit erëm opgebaut, op rtl.lu, 28.04.2026
- Glenn Schwaller, Denkmalgeschützte Windmühle in Belair wird wohl abgerissen, 23.05.2025, wort.lu
- Monique Kater, Geschützte Millen duerch Chantier an akuter Gefor, rtl.lu 23.05.2025
- Monique Kater, National geschützte Wandmillen an der Stad passt net an d’Pläng vum CHL-Ausbau, rtl.lu 24.05.2025
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Émile Erpelding, S. 289
- ↑ (de) Inland. S. 1. Luxemburger Wort, 1865. Jg., nº 140 (17.06.1865). Gekuckt de 07.06.2025.
- 1 2 (de) Publicité 5 Page 4. S. 4. Wächter an der Sauer., Jg., nº 5 (10.01.1867). Gekuckt de 07.06.2025.
- ↑ (fr) Publicité 1 Page 4. S. 4. COURRIER DU GRAND-DUCHÉ DE LUXEMBOURG., 23. Jg., nº 213 (14.09.1866). Gekuckt de 07.06.2025.
- ↑ (de) Pub. 2 Page 3. S. 3. Luxemburger Wort, 1872. Jg., nº 47 (24.02.1872). Gekuckt de 07.06.2025.
- ↑ (fr) Question Parlementaire n°2326 - Démolition de la "Wandmillen" située sur le site du Centre hospitalier. Chambre des députés (22.05.2025). Gekuckt de 07.06.2025.
- ↑ cf. Tim Morizet, Um Spaweck
