Wandsak


E Wandsak[1] ass e koneschen, oppene Schlauch, deen haaptsächlech aus wiederbestännegem Nylon gemaach ass, an deem seng Form et erlaabt, d'Wandrichtung z'erkennen an déi ongeféier Wandvitess anzeschätzen. Déi méi grouss Ëffnung vum Schlauch gëtt e puer Meter iwwer dem Buedem un engem Potto montéiert, sou datt e fräi rotéiere kann.
Wa keng Loft ass, hänkt de Wandsak labber erof. De Wand bléist duerch de Schlauch an dréint dee méi schmuele, spatze Wupp an d'Richtung „ënner dem Wand“ (en. leeward, fr. sous le vent), d. h. entgéint der Richtung aus där de Wand bléist. Wat den horizontal opgeblosenen Deel vum Schlauch méi grouss ass, wat de Wand méi staark ass.
De Sak besteet gemenkerhand aus fënnef Réng, déi ofwiesselnd rout a wäiss gesträift sinn: 3 rout an 2 wäiss Sträifen. All faarwege Rank entsprécht, wann e vum Wand opgeblosen ass, ongeféier 5 Kniet (ronn 9 km/h); de Sak ass deemno horizontal, wann de Wand mat méi wéi 25 Kniet (ongeféier 45 km/h) bléist. Dëst ass awer just eng graff Schätzung, eleng scho well d'Zuel an d'Breet vun de faarwege Réng vum Wandsak net standardiséiert sinn.
E Wandsak gëtt gemenkerhand do benotzt, wou et néideg ass, fir déi ongeféier Wandkonditiounen einfach an ouni ze vill Prezisioun unzeweisen. Wandsäck stinn dacks op Fluchfelder oder laanscht d'Stroossen.
Am Code de la route zu Lëtzebuerg ass e Symbol vun engem Wandsak um Schëld A, 18 fir drop hinzeweisen, datt mat Säitewand oder mat stënterleche Wandstéiss ze rechnen ass.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Wandsak – Biller, Videoen an Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ (de) „Wand- / wand-“. Luxemburger Wörterbuch, digitalisierte Fassung im Wörterbuchangebot der Universität Luxemburg, Department of Humanities. Gekuckt den 30.12.2025.