Wareniki

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Warenyky)
Wareniki mat Fleesch gefëllt a mat Smetana zerwéiert
Russesch Variant vun enger Wareniki mat Sauerkiischte gefëllt als Dessert

D'Wareniki (ru./ukr. вареники) sinn e Plat aus der ukrainescher Kichen, deen awer um ganze Gebitt vun der fréierer Sowjetunioun beléift ass, an aus klenge méi oder wéineger hallefronnen Täschen aus Deeg besteet, déi mat Gehaaktes, Gromperen, Champignonen oder Friichte gefëllt sinn. Dacks gi se mat Smetana zerwéiert, et kann ee s'awer och mat Hunneg oder Gebeess iessen.

Den Deeg fir d'Wareniki besteet aus Weessmiel, Waasser, Salz an Eeër. Si kënne ganz ënnerschiddlech gefëllt ginn, an der Ukrain och mat Fleesch, wat a Russland awer net de Fall ass. Da gi se a Salzwaasser gekacht bis datt se opdauchen.

Réi kënne s'awer och agefruer gi fir spéider séier no dräi Minutte Kache prett um Dësch ze sinn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Wareniki – Biller, Videoen oder Audiodateien