Waring Brothers
Ausgesinn
Dësen Architektursartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz iwwer d'Eisebunn. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Waring Brothers war eng brittesch Baufirma, déi op d'Konstruktioun vun Eisebunnsbauwierker spezialiséiert war.
Si gouf 1841 vun de Bridder Charles Waring, Henry Waring a William Waring zu York gegrënnt.
Nodeems den Charles Waring 1865 als Deputéierten an d'Politik gaangen ass, koumen duerno net méi vill Commanden eran, soudatt d'Firma wéi et schéngt an de fréien 1870er Joren opgeléist gouf.
Realisatiounen
[änneren | Quelltext änneren]Waring Bothers huet ë. a. gebaut:
International
[änneren | Quelltext änneren]- D'Dorset Central Railway (gouf 1858 fäerdeg)
- D'Eisebunnslinn Colombo-Badulla am Sri Lanka (gouf 1864 fäerdeg)
- D'Pernambuco, Recife an d'San Francisco Eisebunnen (goufen 1860 fäerdeg)
- Eng Eisebunnsstreck op Sizilien (gouf 1862 fäerdeg)
- D'Ostindesch Eisebunn (gouf 1862 fäerdeg)
- D'Bristol Port Railway (gouf 1863 fäerdeg)
- D'Honduranesch Eisebunn (gouf 1870 fäerdeg)
- D'Zentraleisebunn am Uruguay (gouf 1871 fäerdeg)
- D'Central do Brasil Eisebunn zu Rio de Janeiro (1884)
- D'Gare St Pancras zu London (ausser dem Daach).