Wasat (Stär)

Vu Wikipedia

Wasat (och Wesat genannt) ass den Numm vum Stär δ Geminorum am Stärebild Gemini.

De Wasat huet eng visuell Magnitude vu +3,5 m, a gehéiert zu der Spektralklass F0 an ass ronn 59 Liichtjoer vun eis ewech. Den Numm Wasat bedeit "Mëtt (vum Himmel)" (vum arabeschen: wasat as-sama).

De Wasat kann als ekliptiknoe Stär vum Äerdmound a ganz rar, vun engem Planéit bedeckt ginn. Déi lescht Bedeckung duerch e Planéit war den 30. Juni 1857 duerch de Saturn. Déi nächst Bedeckung vum Wasat ass den 12. August 2420 duerch d'Venus.

Koordinate fir d'Equinoxe 2000:

Kuckt och[Quelltext änneren]

Portal Astronomie