Washington D.C.

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Washington (D.C.))
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Flag USA template.svg Dëse Geographiesartikel iwwer d'USA ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Washington D.C.
Fändel Wopen
Lokalisatiounskaart
Land: Flag of the United States.svg USA
Staat: kee Bundesstaat
Koordinaten: 38° 53' 28" N
77° 02' 06" W
Fläch: 177 km²
Awunner: 601.723 (2010)
Bevëlkerungsdicht: 3.400 Aw./km²
Héicht: 2 m
Zäitzon: UTC-5
Buergermeeschter: Anthony A. Williams

Washington, D.C., fréier den District of Columbia, a meescht einfach nëmme "Washington" oder "D.C." genannt, ass d'Haaptstad vun de Vereenegte Staate vun Amerika. De Residence Act, deen de 16. Juli 1790 ënnerschriwwe gouf, huet d'Kreatioun vun engem Haaptstadsdistrikt erméiglecht, deen um Potomac River um Land senger Ostküst sollt leien. D'amerikanesch Verfassung gesäit fir, datt deen Distrikt net zu engem vun de Bundesstaate vun den USA gehéiert, mee direkt dem Kongress ënnerstallt ass.

Washington ass och de Sëtz vum Internationale Währungsfong (FMI oder IMF) an der Weltbank.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Washington, D.C. ass e klengen Territoire vun nëmmen 177 km2. E läit tëscht de Staaten Virginia a Maryland. Den héchste Punkt ass 125 Meter héich, deen niddregsten läit op 0 Meter.

Bevëlkerung[änneren | Quelltext änneren]

2015 gouf d'Bevëlkerung vu Washington, D.C., op 672,228 Awunner geschat, wat e Wuesstem vun 11.7% zënter 2010 ass. 48,3% vun den Awunner waren Afroamerikaner, 44,1% wäiss Amerikaner (36,1% wäiss Amerikaner, déi net Hispanic/Latino sinn) a 4,2% Asiaten. Washington huet zënter senger Grënnung eng grouss afroamerikanesch Bevëlkerung. Tëscht 1800 an 1940 hu si ronn 30% vun den Awunner gestallt. Den Héichpunkt war 1970, wéi 70% vun der Awunner Afroamerikaner waren. Zënterhir geet déi Zuel awer progressiv zréck well vill schwaarz Amerikaner an d'Viruerter plënneren.

E Rapport vun 2007 huet ervirgehuewen, datt een Drëttel vun den Awunner vu funktionellem Analphabetismus betraff sinn.

Obwuel d'Akommes mat 55.755 per capita méi héich ass wéi an all de 50 US-Bundesstaaten gëllen 19% vun den Awunner als aarm. Nëmmen am Mississippi ass déi Zuel nach méi héich.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Lëscht vun de Groussstied an den USA

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Washington D.C. – Biller, Videoen oder Audiodateien