Wat Mahathat

Vu Wikipedia

7

Prang a Buddhastatu
Wat Phra Mahathat
Buddhastatu, roderëm déi e Bam gewuess ass
Grondrëss vun de Ruinen

De Wat Mahathat (Thai: วัดมหาธาตุ พระนครศรีอยุธยา, "Tempel vun der grousser an heileger Reliquie") ass eng buddhistesch Tempelanlag an der Alstad vun Ayutthaya, an Zentralthailand.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

No de Chronike vun Ayutthayahuet de Kinnek Borommaracha I. ëm 1374 op ¨¨ar Plaz en Tempel opriichte gelooss. Säin Neveu an Nofollger Ramesuan (1369–1370, 1388–1395) huet de Bau 1384 vergréissert an em säin haitegen Numm ginn.

1631 ass de Gëllenen Tuerm am Wat Mahathat stënterlech an e Koup gefall. Zwee Joer drop war en Neibau fäerdeg, deen eng 50 Meter héich war, mat enger 6 Meter héijer met&allener Spëtzt. 1637 gouf den Tempel restauréiert a vergréissert. Och no 1750 koumen eng Rëtsch weider Bauwierker derbäi, dorënner eng Rëtsch Prangen.

D'Ruinen, déi haut ze gesi sinn, si warscheinlech aus dem spéide 17. bis spéiden 18. Joerhonnert.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Chedi am Sri-Lanka-Stil a Ruine vum grousse Prang
Pagod am Gaang restauréiert ze ginn

Dat wichtegtst Bauwierk vum Wat Mahathat war ursprénglech den héijen, zentrale Prang am Khmer-Stil. Dësen ass 1911 zesummegefall a gouf net méi opgeriicht.

1956 huet d'thailännesch Regierung domat ugefaangen, grouss Rekonstruktiounsaarbechte maachen ze loossen. Dobäi gouf eng Schazkëscht fonnt, an där ë. a. eng Buddha-Reliquie an enger gëllener Urn, gëlle Buddha-Statuen, a soss räich dekoréiert Objete waren. Si sinn haut am Chao-Sam-Phraya-Nationalmusée zu Ayutthaya ausgestallt.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • H.R.H. Prince Damrong Rajanubhab: A History Of Buddhist Monuments In Siam. Bangkok 1929, reprint by The Siam Society, Bangkok 1962, oh. ISBN
  • Piriya Krairiksh: A Revised Dating of Ayudhya Architecture (I). Artikel in Journal of the Siam Society, Vol. 80 Part 1, Bangkok 1992, online [1].
  • Richard D. Cushman (David K. Wyatt Ed.): The Royal Chronicles Of Ayutthaya. The Siam Society, Bangkok 2000, ISBN 974-8298-48-5
  • Clarence Aasen: Architecture of Siam: A Cultural History and Interpretation. Oxford: Oxford University Press 1998. ISBN 983-56-0027-9.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Wat Mahathat, Ayutthaya – Biller, Videoen oder Audiodateien