Watermael-Boitsfort / Watermaal-Bosvoorde

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Watermael-Boitsfort)
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Watermael-Boitsfort
    Watermaal-Bosvoorde
Land Belsch
Regioun Haaptstadregioun Bréissel
Communautéit Franséisch Communautéit
Flämesch Communautéit
Provënz  
Arrondissement Bruxelles-Capitale
Awunner 25.332 (1. Januar 2020)
Fläch 1 273
Koordinaten 50° 48’ 00’’ N
      04° 24’ 00’’ O
Telefonszon 02
Postcode 1170
Websäit https://www.watermael-boitsfort.be

Watermael-Boitsfort (fr.), respektiv Watermaal-Bosvoorde (nl.), ass eng vun den 19 zweesproochege belsche Gemengen an der Haaptstadregioun Bréissel. Se läit um Bord vun der Forêt de Soignes / Zoniënwoud, engem grousse Bëschareal am Südoste vu Bréissel. Et ass, dem Akommes vu sengen Awunner no, déi räichst Gemeng an der Haaptstadregioun.

D'Gemeng setzt sech zesummen aus de fréieren Uertschafte Watermael a Boitsfort, a bis uganks vum 19. Joerhonnert huet och Auderghem dozougehéiert. Haut grenzt se un d'Bréisseler Gemengen Ixelles, Bréissel, Uccle an Auderghem, an an der Provënz Flämesche Brabant, un Hoeilaart, Overijse a Sint-Genesius-Rode

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Bekannt ass Watermael-Boitsfort fir seng zwou Cité-jardins, Le Floréal a Le Logis, Kolonien am englesche Cottage-Stil vum Urbanist Louis Van der Swaelmen, déi bis haut hire Charakter versuergt hunn, a schonn dacks als Filmset gebraucht goufen. Se gi vu Cooperativë geréiert a stinn haut ënner Denkmalschutz.

D'Gemengenhaus vu Watermael-Boitsfort

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Watermael-Boitsfort – Biller, Videoen oder Audiodateien