Waudru vu Mons

Vu Wikipedia
Waudru vu Mons
Gebuer 612 jul.
Belsch
Gestuerwen 9. Abrëll 688 jul.
Mons
Aktivitéit Politiker

D'Waudru vu Mons (och Waldetrude, Waldetrudis, Waltrudis, Vaudru, de: Waltraud oder Waltraut), gebuer uganks vum 7. Joerhonnert (méiglecherweis 612 zu Cousoire) a gestuerwen den 9. Abrëll ëm 688 zu Mons, war eng Adeleg aus der Dynastie vun de Merowenger an ass eng Helleg vun der kathoulescher Kierch.

Der Waudru hir Eltere waren der Grof Walbert an d'Bertila, hir Schwëster d'Adelgonde (Adelgundis). Béid Mamm a Sëschter gëllen och als Helleg. Si war mam Vincent Madelgaire (Madelgarius), Grof vum Hainaut an en héije Beamten um Haff vum Kinnek Dagobert I. bestuet. D'Koppel hat véier Kanner: d'Aldetrude, d'Madelberte, de Landry (Landricus) an den Dentelin, déi alle véier och als Helleg deklaréiert goufen.

Nodeems hire Mann Madelgaire an d'Klouschter Hautmont bei Maubeuge agetruede war, dat hie selwer gegrënnt hat, huet och d'Waudru zwee Joer drop, ëm 656, eng Benediktinerabtei gegrënnt, a gouf Äbtissin dovun. Ronderëm dat Klouschter ass dat haitegt Mons entstanen.

Si läit an der Kierch Sainte-Waudru zu Mons begruewen.

Den 9. Abrëll ass hire Gedenkdag am Hellegekalenner. Zu Mons ass dat den 12. August, wa wärend der Ducasse ë. a. och hir Reliquien an enger grousser Prëssessioun duerch Mons gedroe ginn.

Nieft Mons gëtt et och zu Herentals eng Sint Waltrudis-Kierch.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • H. Platelle, Que savons-nous au juste de sainte Waudru? In: Mélanges de science religieuse 44 (1987), 147–170;
  • Vera Schauber u. Hanns M. Schindler, Heilige und Namenspatrone im Jahreslauf, Augsburg 1993, 149.
  • A.-M. Helvétius, Abbayes, évêques et laïques. Une politique du pouvoir en Hainaut au Moyen Âge (VIIe-XIe siècle), Brüssel, 1994, 45–54
  • Fr. De Vriendt, Le dossier hagiographique de Ste Waudru, abbesse de Mons (IXe-XIIe s.), in Mémoires et publications de la Société des Sciences, des Arts et des Lettres du Hainaut, 98 (1996), 1–37
  • Fr. De Vriendt, La tradition manuscrite de la Vita Waldetrudis (BHL 8776–8777). Les mécanismes de propagation d'un récit hagiographique régional (IXe-XVe siècles), in Analecta Bollandiana, 117 (1999), 319–368.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Saint Waltrudis – Biller, Videoen oder Audiodateien