Weeds (Televisiounsserie)

Vu Wikipedia
Weeds
Serie
Produktiounsland USA
Dauer 26 Minutte pro Folleg
Originalsprooch Englesch
Follgen 102 an 8 Staffelen
Éischt Folleg 7. August 2005
Staffelen 8
Episoden 102
Ekipp
Iddi Jenji Kohan
Musek Malvina Reynolds
Produzent verschiddener
Distributioun Netflix
Schauspiller
Mary-Louise Parker (Nancy Botwin)
Justin Kirk (Andrew "Andy" Botwin)
Hunter Parrish (Silas Botwin)
Alexander Gould (Shane Botwin)
Kevin Nealon (Doug Wilson)
Elizabeth Perkins (Celia Hodes)

Weeds ass eng US-amerikanesch Televisiounsserie, déi vum Jenji Kohan kreéiert gouf an déi ursprénglech tëscht 2005 an 2012 gelaf ass. Si ass eng Mëschung aus Comedy an Drama mat satireschen Elementer an huet aacht Staffelen. An der Serie geet et ëm d'Nancy Botwin (gespillt vun der Mary-Louise Parker), eng kalifornesch Hausfra a Mamm vun zwéi Jongen, déi nom Doud vun hirem Mann ufänkt Marihuana (op Englesch: Weed) ze verkafe fir den Ënnerhalt ze verdéngen. Am Laf vun de Jore gerode si an hir Famill ëmmer méi déif an illegal Aktivitéiten.

Déi éischt Staffel vu Weeds war d'Serie mat den héchsten Zuschauerzuele fir de Sender Showtime, op deem e gelaf ass. Weeds ass gutt bei de Kritiker ukomm an huet eng Rei renomméiert Televisiounspräisser gewonnen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]