Weemseesdet

Vu Wikipedia
Weemseesdet
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Produktiounsjoer 2011
Dauer 25 min
Originalsprooch Lëtzebuergesch
Ekipp
Regie Claude Lahr, Pol Cruchten,
Fred Neuen, Yann Tonnar,
Dan Wiroth, Sascha Hayar,
Désirée Nosbusch, Jean-Claude Schlim
Dréibuch Marc Limpach, Guy Helminger,
Yann Tonnar, Eugénie Anselin,
Thierry Faber, Claude Grosch,
Frédéric Zeimet
Musek Serge Tonnar
Produzent Deal Productions
Schauspiller
Germain Wagner als Romain Wampach
Nicole Max als Georgette Wampach
Luc Lamesch als Fränz Wampach
Eugénie Anselin als Charlotte Wampach
Martine Borg als Maria Teixeira Dos Santos
Max Thommes als Max Reinhardt
Désirée Nosbusch als Francine Konsbrück
Mickey Hardt als Jang Konsbrück
Anne Bredimus als Laura Leineweber
Laura Schuller als Sabina Muhovic
Fernand Fox als Bop
Nilton Martins als Raul Teixeira Dos Santos
Sofia Lopes als Carla Teixeira dos Santos
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Weemseesdet ass den Numm vun der éischter lëtzebuergescher TV-Sitcom, déi tëscht dem 30. Oktober 2011 an dem 23. Mäerz 2012 a 24 Episode vu knapps enger hallwer Stonn freides owes op RTL Télé Lëtzebuerg gewise gouf.

Se gouf vun deal Productions S.A. (Désirée Nosbusch an Alexandra Hoesdorff-Rosen) produzéiert a vum Claude Lahr a Marc Limpach geschriwwen. D'Dréiaarbechte ware vu Juli bis Enn September 2011.[1] D'Serie hat e Budget vun 1,5 Millioun Euro, wouvun zwee Drëttel vum Lëtzebuerger Filmfong iwwerholl ginn an een Drëttel vun RTL.[2]

Haaptpersonnagë sinn eng stacklëtzebuerger Famill, d'Famill Wampach: De Romain Wampach (gespillt vum Germain Wagner) ass en idealistesch zynesche Proff a seng Fra, d'Georgette (Nicole Max), eng opbrausend Psychologin. Si hunn zwee Kanner, de Fränz (Luc Lamesch) an d'Charlotte (Eugénie Anselin).[3]

Weider Personnagë sinn ë. a. hir Botzfra Maria (Martine Borg) an där hire Jong Raoul (Nilton Martins)[4], d'Nopeschkoppel, den Här an der Madame Konsbrück (Désirée Nosbusch a Mickey Hardt), de Bop (Fernand Fox)[5], d'Laura (Anne Bredimus), dem Charlotte seng Frëndin, de Max (Max Thommes), dem Fränz säi Kolleesch, asw.

Thematiséiert gi Sujeten wéi Generatiounekonflikter, pubertéierend Teenager, kleng Schwäermereien, Gedeessems mat den Noperen, asw.[6]

D'Musek vum Générique ass vum Serge Tonnar.[7]

Episoden[änneren | Quelltext änneren]

Episode Éischt Ausstralung
1 Fürerschäin: "E Kuss fir de Buss!" 30. September 2011
2 Besuch: "Am Noper säi Gaard ass gutt kraude goën." 7. Oktober 2011
3 "Di éischte Kéier!" 14. Oktober 2011
4 Eng op de Bak: "A wann et reent, da reent et rit eran." 21. Oktober 2011
5 Allerhellgen: "No Mantelsonndeg kënnt Mutzeméindeg." 28. Oktober 2011
6 Champions League: "Wann d'Kaze fort ginn, da sinn d'Mais gär Meeschter." 4. November 2011
7 Konveniat: "Fréier war d'Zukunft nach besser." 11. November 2011
8 "Wat en Theater wéinst engem Bazar." 18. November 2011
9 Chrëschtdag: "Rudolph the Red Nosed Reindeer." 25. November 2011
10 Valentinsdag: "Mat Froë vermécht een näischt." 2. Dezember 2011
11 Sport a Lousen: "Et kann een net ëmmer gewannen" 9. Dezember 2011
12 Aloha an Alaaf: "An de Jemen oder bis op Monnerech an zeréck." 16. Dezember 2011
13 Premièresexamen: "Muer ass och nach een Dag." 6. Januar 2012
14 Säitesprong: "Ursaache sinn do fir ze gebrauchen." 13. Januar 2012
15 Nationalfeierdag: "A wann et päift, dann fiert den Zuch." 20. Januar 2012
16 Tour de France: "E Maulef um Tour oder l'ange des collines." 27. Januar 2012
17 Äddi soën: "Ëmsoss ass der Doud, an dee kascht d'Liewen." 3. Februar 2012
18 Alles Flüchtlingen: "De Misère an der eegener Stuff." 10. Februar 2012
19 Staarken Tubak: "Besser Virsiicht wéi Nosiicht." 17. Februar 2012
20 De Remplassang: "Gutt Nopere brauche keng Heck." 24. Februar 2012
21 Scheedung: "D'Bestueden ass eng Lotterie." 2. Mäerz 2012
22 Knaschteg Wäsch: "Kleng Saachen, grouss Wierkung." 9. Mäerz 2012
23 Kee Kannergebuertsdag: "Roud Léift." 16. Mäerz 2012
24 Que sera: "Aus Kanner gi Leit." 23. Mäerz 2012

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Pressecommuniqué deal Productions vum 5. Juli 2011
  2. Erste Schritte von Anne und Luc bei 'Weemseesdet'. lessentiel.lu 03. Juli 2011 17:01; Akt: 04.07.2011 07:41.
  3. "Weemseesdet: Déi 2 lescht Haaptrolle sinn elo besat." rtl.lu, 11.05.2011, 12:14 - Fir d'lescht aktualiséiert: 11.05.2011, 12:50.
  4. "Weemseesdet: Portugisesch Schauspillerin gesicht" RTL.lu, 02.05.2011, 12:59 - Fir d'lescht aktualiséiert: 02.05.2011, 14:44.
  5. "Invité Freides mëttes: Désirée Nosbusch." (Radiosinterview); RTL.lu - 08.04.2011, 11:29 - Fir d'lescht aktualiséiert: 08.04.2011, 14:57.
  6. "Neue Sitcom 'Weemseesdet': Back to the Roots - Die Produzentinnen Désirée Nosbusch und Alexandra Hoesdorff-Rosen im Interview." wort.lu, 19.02.2011 07:54.
  7. "Invité Freides mëttes..."